Search

You may also like

#firdebesch zu Käerjeng: D’Gemeng Käerjeng geet viru Geriicht a géint d’Naturschützer!
International Neiegkeeten

#firdebesch zu Käerjeng: D’Gemeng Käerjeng geet viru Geriicht a géint d’Naturschützer!

D’BIGS (Biergerinitiative Gemeng Suessem Asbl) deelt mat, datt et nei

What the Fakt – Déi grouss Séil vun Indien gëtt ëmbruecht
International Neiegkeeten

What the Fakt – Déi grouss Séil vun Indien gëtt ëmbruecht

De Mohandas Karamchand Gandhi ass weltwäit bekannt als Fräiheetskämpfer vun

Hausarrest fir den Néckel
International Neiegkeeten

Hausarrest fir den Néckel

Frankräich: Ex-President gëtt wéinst illegaler Walkampffinanzéierung zu engem Joer feste

London preziséiert d‘Konsequenze vun engem Brexit ouni Accord

London preziséiert d‘Konsequenze vun engem Brexit ouni Accord

De britesche Ministère dee sech ëm den Austrëtt aus der europäescher Unioun (Brexit) këmmere muss, huet gëschter eng zweet Serie technesch Notize verëffentlech, déi sech de Konsequenze fir déi britesch Bierger an d‘Entreprise unhuelen, sollten d‘Verhandlunge mat Bréissel scheiteren.

Am ganze sinn esou 28 Notte publizéiert ginn. Déi befaassen sech mat esou ënnerschiddlechen Theme wéi d‘Gültegkeet vum Führerschäin, Handysrechnungen (Roaming), CO²-Emissiounen, mee och mat den administrativen Demarchen, fir Wueren an- oder auszeféieren.

Déi britesch Autoritéite warnen, datt et kéint derzou kommen, datt de britesche Führerschäin net méi kéint benotzt ginn, fir op EU-Territoire e Gefier ze steieren. Si mengen, datt déi britesch Bierger gezwonge ginn en „neien“ Examen ze maachen oder en internationale Schäin ze besëtzen.

Hei gëtt dann awer betount, datt Groussbritannien och bei engem Brexit ouni Accord, den EU-Bierger, déi op der Insel liewen, oder just op Besuch sinn, un hirem Führerschäin näischt mussen änneren. Den europäeschen Auslänner dierf deemno säin nationale Schäi weider benotzen.

Telefonéiere gëtt nees méi deier

Gewarnt gëtt och virun enger neier Situatioun bei der mobiller Telefonie. An Europa sinn zanter engem gudde Moment d‘Roaming-Käschten ofgeschaaft ginn, wat d‘Telefonéieren an Europa méi präiswäert gemaach huet. Ouni „Ofkommes“ gëtt de Roaming nees aktivéiert, heescht et.

Op der irescher Insel kéint dat zu Gestreits féieren. Besonnesch am Fokus: all déi Leit déi laanscht d‘Grenz wunnen, an déi jee nodeem wéi e Signal grad am stäerksten ass, kéinten esou „ongewollt“ duerch en „Netzwiessel“ vun der Telefonsrechnung béis iwwerrascht ginn.

D‘Carolyn Fairbairn, Generaldirectrice vun der Patronatskonfederatioun CBI, stellt kloer, datt dës Notizen eng gutt Illustratioun vun deem sinn, wat een a Groussbritannien allgemeng als „Stéierung“ bezeechent. Esou ginn d‘Bierger an d‘Entreprisë vun enger „Ideologie“ bei d‘Lisette gelooss.

Si riicht dann nach emol en Appell un déi politesch „Muecht“ sech ze besënnen, an et gefällegst zu engem Accord ze bréngen. Et wier elo genuch Schued ugeriicht ginn, an d‘Zäit wier bekanntlech net opzehalen. Zudeem wier et der Regierung hir Flicht Schued vun der Bevëlkerung ofzewennen.

London a Bréissel sollten dann och bis zum Sommet am Oktober, zumindest eng zolidd Grondlag fonnt hunn, fir den Austrëtt a geuerdente Schrëtter ze vollzéien. Dat gesäit aktuell net duerno aus, an och Experten hu mëttlerweil vill vun hiren Hoffnungen opginn, datt et zu engem Accord kënnt.

mat AFP

Related topics Accord, Bréissel, Brexit, EU-Austrëtt, London
Next post Previous post