Search

You may also like

D’Lëtzebuerger Band Strysles feiert säin neien Album „Power of Life“
International Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Band Strysles feiert säin neien Album „Power of Life“

No der éischter EP „Tic Tac“ am Joer 2016 an

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen
International Neiegkeeten

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen

Bei de Generalversammlung am „Omega Haus“ huet de President vun

The Last Jedi zerstéiert d‘Vergaangenheet vu Star Wars – Fir eppes Neies opzebauen!
International Neiegkeeten

The Last Jedi zerstéiert d‘Vergaangenheet vu Star Wars – Fir eppes Neies opzebauen!

The Last Jedi ass e Film deen oppe refuséiert, der

D‘Scheedung ass vollzunn

D‘Scheedung ass vollzunn

Um exakt 23.00 (Lokalzäit London) hunn d‘Britten hir europäesch Identitéit ofgeluecht. Ab elo gëllen nei Reegele fir den Handel tëscht der Insel an dem Festland. Wat dat alles nach fir Folgen huet? Dat muss sech nach erweisen.

Zanter dem Januar 2020 war Groussbritannien schonn net méi Deel vun der Staategemeinschaft, elo sinn d‘Britten och net méi Deel vum europäesche Bannemaart, der Zollunioun an dem Schengen-Raum. Dat heescht, datt elo och nees Grenzkontrolle fir brittesch Bierger a Wueren ugesot sinn. Op den Häfe wéi de Garen, hunn d‘Douane hir Kontrollfunktioun opgeholl. Bis ewell ouni Problem.

A senger Usproch zu Neijoerschdag huet de brittesche Premier Boris Johnson statuéiert: „Dat ass ee groussaartege Moment fir eist Land. Mir hunn d‘Fräiheet an eisen Hänn, an et läit elo un eis, dat bescht dorausser ze maachen (…) a wa méiglech besser wéi eis Frënn an der EU“. Hien ass jo emol iwwerzeegt, seng Ziler erreecht ze hunn. Dozou gëtt et och nach aner Usiichten, mee fir den Ament ass dem brittesche Regierungschef seng Rechnung opgaangen. Gefeiert gouf den Austrëtt awer net.

Wann sech de Boris Johnson (a wuel och den Nigel Farage) eng grouss Feier gewënscht haten, esou konnt déi wéinst der Covid19-Pandemie net stattfannen. Dësen historesche Moment ass folgerichteg am „klenge Krees“ gefeiert ginn. An der Downing Street N°10, dierft virun allem gefeiert gi sinn, datt d‘House of Commons, ouni den Text am Fong gelies ze hunn, den Accord ratifizéiert huet.

Brexit

Natierlech huet och d‘Queen Elizabeth II dësem Gesetz hire „royal assent“ ginn. Zu Bréissel huet d‘EU-Kommissioun de Vertrag dann och pénktlech zu Silvester am offizielle Journal verëffentlecht. Elo wou alles fest ass, dierfen och d‘Bierger sech am Detail mat de geschafene Fakte beschäftegen. Mee och Europaparlament muss sech nach mat dësem Vertragswierk am Fong beschäftegt ginn, hei gouf den Text nach net beroden. D‘Ratifizéierung vum d‘EU-Parlament gëtt fir d‘Fréijoer erwaart.

Ee Punkt dee besonnesch de Wirtschaftsacteuren an hire Lobbyisten um Mo geleeën huet, eventuell Douanestaxen an Importquoten. Dat konnt mat dësem Accord verhënnert ginn, mee et kënnt awer zu Kontrollen a vill Pabeierkrom. Domadder entfalen op de Wuerenaustausch elo awer Käschten déi et virdrun net ginn huet. Dat Ganzt hëlt och Zäit an Usproch, wat och nees Geld kaschte Wäert.

A wann dann elo op béide Säite vum Äermelkanal, bezunn op d‘Sécherheet vun de Produiten an de Liewensmëttel am besonneschen, déi selwecht Reegele gëllen, esou mussen déi brittesch Entreprise fir hir Wueren d‘Anhale vun EU-Standarden noweisen. D‘Fransousen hunn an dësem Kontext och streng Kontrollen annoncéiert. Fir déi ze realiséieren, sinn 1.300 Leit agestallt ginn a si sinn dann elo ech schonn am Asaz. Dat bedeit awer och datt den Transportwee zäitlech méi „laang“ gëtt.

mat indymedia/bru/lon

Illustratioun: Déi „Konservativ“ hunn de Brexit erbäigefouert a sinn natierlech a Feierlaun. A well et jo esou gutt gelaf ass, bidden d’Tories an hirem „Party-Shop“ eng helle Wull u „Souveniren“ un, vill dovunner mam Portrait vum Boris Johnson. Interessant hei: déi meescht Artikel sinn Ausverkaf an et muss ëm eppes Gedold gebuede ginn.(Source: shop.conservatives.com)

Annex: (Däitsch Versioun) Handelsaccord EU2020-2252 EU-Rot

Related topics Brexit, Douaneskontrollen, EU-Bannemaart, Grenzkontrollen, Handelsaccord
Next post Previous post