Search

You may also like

Bierger fir Bierger invitéiert op säi 4. Spadséiergang duerch d’Stad!
International Neiegkeeten

Bierger fir Bierger invitéiert op säi 4. Spadséiergang duerch d’Stad!

Säit Enn Mee huet d’Beweegung Bierger fir Bierger dräi Spadséiergäng

US-Vergeltungsschlag géint d‘Hezbollah
International Neiegkeeten

US-Vergeltungsschlag géint d‘Hezbollah

Nom Doud vun engem amerikaneschen Zivilist beim engem Rakéitenugrëff op

Editorial: Den Donald an d‘Demokratie
International Neiegkeeten

Editorial: Den Donald an d‘Demokratie

Et gëtt Koppelen an der Weltgeschicht, déi wëllen einfach net

Brexit: Zu London kënnt Bewegung an d‘Virbereedunge

Brexit: Zu London kënnt Bewegung an d‘Virbereedunge

Um Dënschdeg huet déi britesch Regierung matgedeelt, datt se sech mat de Virbereedunge vun den Austrëtt aus den Union beganne wëll. Gekuckt ginn d‘Optioune mat oder ouni Accord. An dësem Kader wier ee bereet tëscht 3.000 a 5.000 Leit anzestellen.

Domatter géif d‘Zuel vun de Rekrutementer bis op 8.000 klammen, déi an dësem Zesummenhang schonn engagéiert Persoune mat agerechent. Bis Enn 2018 sinn ewell 3.000 Poste kreéiert ginn, dovunner 300 eleng fir Affekoten. Déi sollen sech mam Thema „Brexit“ an den ënnerschiddleche Servicer vun der Regierung befaassen.

Bei enger Reunioun vun der Regierung dësen Dënschdeg, huet de Brexit-Minister David Davis seng Kollegen informéiert, datt „d‘Virbereedung sech an de leschte Méint signifikativ beschleunegt hunn“, esou e Spriecher vun der Premierministesch Theresa May.

De Spriecher huet dann och drop higewisen, datt „déi Pläng ganz detailléiert Delaien zur Exekutioun ausweisen, notamment fir d‘Astellung an d‘Formatioun vun neiem Personal, dem Ausschaffen an dem Akaf vun Informatiksystemer. Dat well et néideg gëtt déi legislativ a reglementaresch Ännerungen ëmzesetzen“.

Et geet awer op en Accord vertraut

Trotz dësem Aktivismus, soll d‘Theresa May zouversiichtlech sinn en Accord iwwert déi zukünfteg Relatioun vu Groussbritannien mat der EU ze fannen. Op sech dat bis Mäerz 2019 realiséiere léisst, ugesicht den Divergenzen déi et an der Regierung zu der Strategie gëtt, bleift dann awer ofzewaarden.

Wéi et och kënnt, an de Pläng vun der Regierung ass jiddefalls d‘Scheitere vun de Verhandlunge mat Bréissel berécksiichtegt ginn. „Déi Pläng evoluéieren a gi stänneg iwwerschafft a verbessert. Domatter gëtt séchergestallt, datt een ab dem éischten Dag nom Brexit de Wiessel vollzéie kann“, esou de Spriecher.

London hat jo schonn ugekënnegt 763 Milliounen Euro an d‘Virbereedunge gestach ze hunn. Dat inklusiv den zwee Ministèren. Et wier ee och bereet weider Suen an de Grapp ze huelen, wann et dann néideg sollt sinn.

D‘Regierung hat um Méindeg eng Lëscht vun 58 ekonomesche Secteure verëffentlecht, bei deenen den Impakt vum Brexit gemooss ginn ass. Den Inhalt vun den Evaluatiounen ass dann awer net publizéiert ginn. Gewosst ass allerdéngs, datt déi Secteure, déi ronn 88% vun der britescher Wirtschaft ausmaachen, vun der Publicitéit iwwert d‘Landwirtschaft, bis hin zum Tourismus an dem Weltraumfluch.

Foto: xit

Related topics Brexit, Davis Davis, EU, Theresa May
Next post Previous post