Brigang iwwerfält Bicherbuttek an zéckt de Klabes

Kuerz no 16 Auer ass et am Bicherbuttek, geleeën um Boulevard Prënz Henri zu Esch-Uelzecht, zu engem bewaffenten Iwwerfall komm. Esou wéi et aus dem Policebericht ze enthuelen ass, huet ee vermummte Brigang a besotem Geschäft d‘Employée mat enger Handfeierwaff, Typ „Revolver“ bedreet an de Keess, also den Inhalt dovunner, verlaangt.

D‘Personal vum Geschäft huet dem „Wonsch“ vum Déif entsprach an dësem d‘Geld ginn, wourop dëse d‘Flucht ergraff huet. D‘Police déi zäitno alarméiert gouf huet sech op d‘Sich nom Täter gemaach, konnt dësen awer nach net ergräifen. Eppes Hëllef aus der Bevëlkerung kéint net schueden. Wien also beim Buttek zur genannter Zäit eppes bemierkt huet, soll sech w.e.g. mellen.

Et huet och eng Täterbeschreiwung: Wärend der Dot (a wuel och ee ganze Moment laang wärend der Flucht) huet de Mann eng schwaarz sougenannt „Sturmhaube“ vu schwaarzer Faarf gedroen. Och seng Wanterjackett war Schwaarz. D‘Joggingsbox war gro mat schwaarzer Opschrëft op just engem Been. De Mann hat och ee schwaarze Rucksak bei sech. All zweckdénglech Hiweiser hëlt d‘Kommissariat vun der Police entgéint. Tel 244 50 1000 / email police.esch@police.etat.lu

Dernières nouvelles