Search

You may also like

Accelerator-Pilotprojet: 314 Milliounen Euro zur Bekämpfung vum Virus
Neiegkeeten

Accelerator-Pilotprojet: 314 Milliounen Euro zur Bekämpfung vum Virus

D’EU-Kommissioun huet gëschter ugekënnegt datt si 36 Entreprisen, déi zur

„Fréier wor alles“ – Eng satiresch Chronik vun de 60er Jore bis haut
Neiegkeeten

„Fréier wor alles“ – Eng satiresch Chronik vun de 60er Jore bis haut

An hirem zäithistoresche Réckbléck kucken déi zwee Artistenop eng virdigital

Iwwert 600 Persoune waren 2017 ouni Führerschäi mam Auto ënnerweess a goufen erwéscht
Neiegkeeten

Iwwert 600 Persoune waren 2017 ouni Führerschäi mam Auto ënnerweess a goufen erwéscht

Dobäi sinn dës Zuele méi niddreg, wéi nach am Joer

Policebericht: Brigange gepëtzt

Policebericht: Brigange gepëtzt

Wéi d‘Police matdeelt, ass gëschter Owend géint 22 Auer ee jonke Mann un engem Busarrêt vun der Busgar zu Gréiwemaacher, vun engem Grupp jonke Männer zerschloe ginn. Si hunn dem Affer dann och de Portmonni gezoppt. D‘Affer, dat Blessuren erlidden huet, konnt sech aus de Féiss maachen.

Wei d‘Police op der Plaz ukomm ass, war de Grupp Jugendlecher nach do, si haten et allerdéngs net op eng Ënnerriedung mat de Beamten ofgesinn. Zwee vun hinnen hunn eng olympesch Leeschtung gewisen, allerdéngs war een an der falscher Kategorie ënnerwee a konnt am Laf gebremst ginn. Déi aner Persoun hat do eppes méi Gléck. Zwou weider un der Dot bedeelegt Rabbelkäpp sinn nach op der Plaz identifizéiert ginn. Et gouf alles zu Protokoll geholl a weider Ermëttlunge sinn ugesot

Sécherlech „méi relax“ ënnerwee an awer am Feeler. Bei enger Kontroll op der Autobunnsraststätt „Aire de Capellen“ (A6 Richtung Lëtzebuerg) ass de Polizisten de Geroch vu lëschtegem Kraut entgéintkomm. Dëse goung vum Cannabis aus, deen d‘Beamten no méi geneeëm Hikucken dann och fonnt hunn. Si hu ronn 24 Gramm Cannabis an zwou „Krautmillen“ (am Jargon „Grinder“) séchergestallt. D‘Kraut an d‘Mille goufe beschlagnaamt, géint déi Bedeelegt gouf eng Plainte gemaach.

Related topics Cannabis, Drogen, Iwwerfall, Police, Policebericht
Next post Previous post