Search

You may also like

„La marche de la Liberté“ … dat neit Lidd vum Christophe Édouard Dupin
International Neiegkeeten

„La marche de la Liberté“ … dat neit Lidd vum Christophe Édouard Dupin

De Christophe Édouard Dupin huet méi wéi eng Säit a

Sonic Mania bréngt dech zeréck an d’90er
International Neiegkeeten

Sonic Mania bréngt dech zeréck an d’90er

An den 90er Joren huet Sega probéiert, d’Dominanz vu Nintendo

Vun den USA sollt ee sech den Ament näischt erwaarden
International Neiegkeeten

Vun den USA sollt ee sech den Ament näischt erwaarden

E Méindeg huet den US-President versprach, datt déi Alliéiert net

Britesche Premierminister gëtt de Rhythmus vir

Britesche Premierminister gëtt de Rhythmus vir

Kaum datt e gewielt ass, scho gëtt de britesche Premierminister Boris Johnson richteg Gas. Säin Zil de Brexit am festgeluechten Delai duerchzezéien ëmmer fest am Bléck. Gëschter ass am Nomëtteg d‘Parlament zu senger konstituéierender Sëtzung zesummekomm.

D‘House of Commons huet säi Gesiicht verännert, huet mat deem „alen“ wéineg gemeng. Dem BoJo seng Konservativ (Tories) stellen net méi d‘Minoritéitsregierung, mee affichéieren eng kloer Majoritéit vun 80 Mandater. De Premier freet sech, dat ass jo och eng zolidd Verbesserung, déi et him erméiglecht seng Politik ze maachen an de Brexit ouni Récksiicht op Verloschter ëmzesetzen.

Bei der éischter Sëtzung vu sengem neie Kabinett, hat de Boris Johnson schon duerchblécke gelooss a wéi eng Richtung et wäert goen. „Dës Regierung wäert Gas gi wéi d‘Welt et nach net erlieft huet“, huet et hanner virgehalener Hand geheescht. An d‘Agenda léisst hei keng Zweiwel opkommen: no der Regierungserklärung en Donneschdeg, gëtt sech op de Brexit konzentréiert.

Déi zweet Liesung vum an der leschter Legislatiounsperiod verhënnerten Austrëttsaccord, den tatsächlechen Austrëtt datt zum 31. Januar an ee Fräihandelsofkommes mat der EU bis Enn 2020. Fir de Programm „a Steen ze meesselen“ soll d‘Parlament d‘Austrëttsgesetz verschäerfen an eng Transitiounsphas iwwer den 31. Dezember 2020 eraus ausschléissen. Dat klengt selbstbewosst…

Eng Erausfuerderung och fir d‘EU

Dem BoJo seng riets Hand, Michael Gove, huet am Kontext zu engem spéideren Ofkommes mat der EU betount: „Mir wäerten, baséierend op fräiem Handel a frëndschaftlecher Kooperatioun mat der europäescher Unioun iwwert eis zukünfteg Bezéiung schwätzen. Déi politesch Erklärung déi d‘EU ënnerschriwwen huet, verflicht béi Säiten dës Gespréicher bis Enn 2020 ofzeschléissen“.

Zu Bréissel ass dëse Message differenzéiert ukomm. Esou soll d‘Ursula von der Leyen, säit 14 Deeg nei EU-Kommissiounspresidentin, an engem Telefonsgespréich mam Boris Johnson, den Ofschloss vun engem Fräihandelsofkommes bis Enn 2020 als „Erausfuerderung“ bezeechent hunn.

Säitens der Oppositioun – oder zumindest deem wat se nach duerstellt – gouf allerdéngs gewarnt, d‘Méiglechkeet vun enger Verlängerung vun der Transitiounsphas, déi bekanntlech am Februar uleeft, auszeschléissen. Den handelspolitesche Spriecher vun de Sozialisten (Labour), Barry Gardiner versteet datt d‘Regierung Drock maache wëll, deen awer zu Laaschte vun den Jobs geet.

De Boris Johnson huet net wierklech nogelauschtert. Labour ass deraart „ofgestierzt“ ob dat wat si ze soen hunn, brauch hie keng Récksiicht ze huelen. Problematesch ass dogéint d‘Bezéiung mat de Schotten. Hei sinn d‘Nationalisten um Rudder an déi wëllen dat wat de Premierminister och gewollt huet: „Austrieden“, dat allerdéngs net aus der EU mee dem vereenegte Kinnekräich…

mat indymedia/lon

Foto: „Dat eleiten ass eng Volleksregierung a mir wäerten eis un déi gesate Prioritéiten halen“, esou de Boris Johnson, bei der Sëtzung vum Kabinett. © Office of The Prime Minister

Related topics Boris Johnson, Brexit, Fräihandelsaccord, Groussbritannien, House of Commons, Majoritéit, Parlament, Tories
Next post Previous post