Search

You may also like

Neien Ufank: Integratioun vun 120 Famillen
Neiegkeeten

Neien Ufank: Integratioun vun 120 Famillen

Fir hire Projet „Neien Ufank“ virzestellen, hat Caritas Lëtzebuerg d‘Press

D’Matcher vum 3. Dag vun der BGL Ligue
Neiegkeeten

D’Matcher vum 3. Dag vun der BGL Ligue

D’Jeunesse Esch wäert mam F91 Diddeleng zesummentreffen, dat gëtt sécherlech

Aarbechten an der Tréierer Strooss (23.08.2020)
Neiegkeeten

Aarbechten an der Tréierer Strooss (23.08.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt et duerch den Debranchement vum Reseau

Brittesch Covid19-Mutatioun: Sechs Fäll a Lëtzebuerg entdeckt

Brittesch Covid19-Mutatioun: Sechs Fäll a Lëtzebuerg entdeckt

De Staatslabo (LNS) ënnersicht de Moment mat Stéchprouwen 10% vun de Coronavirus-Fäll op genomesch Mierkmoler. Dowéinst gouf déi brittesch Mutatioun bis elo sechsmol entdeckt.

An enger parlamentarescher Äntwert op d’Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen, goufen den 31. Dezember an zënter där éischter Kéier, nach fënnef weider Fäll vun der Coronavirus-Variant B.1.1.7 entdeckt. De Jeff Engelen huet ënnert anerem gefrot ob d’Sequenzéierung weider no Plang verleeft a wéi vill positiv Prouwen zu den dräi Mutatioune gehéieren. Elo iwwerpréift de LNS d’Prouwen aus de Klinicken a private Laboen. Esou soll den Ursprong vun der brittescher Variant ermëttelt ginn.

Déi Mutatioun ass däitlech méi ustiechend, ronn 70% méi. Och an Däitschland, Frankräich an der Belsch ass d’Coronavirus-Variant B.1.1.7 ermëttelt ginn. Déi südafrikanesch Variant B.1.351, gouf nach net a Lëtzebuerg entdeckt, seet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert.

Den national genomeschen Iwwerwaachungsprogramm vum LNS ass dofir do, ënnerschiddlech Varianten an Mutatioune festzehalen. En hat an de vergaangene Méint am Duerchschnëtt ronn 10% vun de positive Fäll ënnersicht. Dës Zuel gouf och a Groussbritannien erreecht, se gehéiert zu den héchsten an Europa. Zu Lëtzebuerg goufen 3.917 Prouwe sequenzéiert.

Déi Ofdeckung vun 10 Prozent soll nach ausgebaut ginn, den LNS plangt an Zukunft all Coronavirus-Fäll op hier genomesch Eegenschaften ze ënnersichen. Wann d’Zuel vun den neien Infektiounen op dësem Niveau bleift, oder souguer erofgeet, kéinte mat ronn 384 Ënnersichunge pro Woch eng Ofdeckung tëscht 30 a 40 Prozent vun de positiven Testresultater erreecht ginn.

Duerch en automatiséierte System kann dat verduebelt ginn. Tëscht dem 28. Dezember an dem 3. Januar goufen a Lëtzebuerg am Ganzen 10 Variante vum Coronavirus entdeckt. De Moment sinn 3 Stämm hei am Land ënnerwee: B.1.177 (38 Prozent), B.1.221 (13 Prozent.) a B.1.160 (31 Prozent).

Illustratioun: © Benjamin Lehman / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Mutatiounen, LNS, Staatslabo, Stéchprouwen
Next post Previous post