Search

You may also like

Aarbechten an der Hollerecher Strooss um 23. Februar 2020
Neiegkeeten

Aarbechten an der Hollerecher Strooss um 23. Februar 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt um Sonndeg, den 23. Februar

Sech teste loossen als Zeeche vu kollektiver Responsabilitéit
Neiegkeeten

Sech teste loossen als Zeeche vu kollektiver Responsabilitéit

Am fréie Mëtteg hunn d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Fuerschungsminister

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen
Neiegkeeten

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen

Kee Frënd vu Fussball? Du wëlls Russland net aus politesche

Brittesche Covid19-Mutant elo och zu Lëtzebuerg op der Strumm

Brittesche Covid19-Mutant elo och zu Lëtzebuerg op der Strumm

Déi Brittesch Covid19-Variant mat der Bezeechnung: B.1.1.7. (oder VUI2020/12/01) ass op der Insel zanter September bekannt. Am Dezember gouf déi brittesch Regierung eppes panesch an huet wéinst dëser Mutatioun grouss Deeler vu Südengland an de Lockdown versat. Dorops hinn, hunn vill Länner hir Verkéiersverbindunge mat Groussbritannien zougesat, de Rescht ass bekannt…

Zil vun dëse „Grenzschléissungen“ war et ze verhënneren dës Covid19-Mutatioun sech an der Unioun verbreet. Dat mat gewinntem Erfolleg: also guer net. Den angelsächsege Verwannte vum chineseschen „éischtgebuerene“ war do schonn an Holland an och an Italien entdeckt ginn. Esou muss et eis net verwonneren, datt och am nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) no dësem ongebiedene Gaascht gesicht gouf. An natierlech sinn se dem virale Brigang op d‘Spur komm.

An den zur Prouf virgeluechten Echantillonen aus dem Zäitraum 19-29 Dezember, war och den Insulaner mat derbäi. Säitens dem Gesondheetsministère heescht et, datt an dësem Kontext eng Enquête ugeuerdent ginn ass, aus dëser soll ervirgoen, wéi eng Originnen dëse Fall huet. Kléngt interessant, woubäi de „Mutant B.1.1.7.“ schonn an dëse Länner: Belsch, Däitschland, Dänemark, Frankräich, Holland, Italien, Japan a Schwäiz; nogewise gouf. Egal, all Informatioun hëlleft…

Och interessant an dësem Kontext: de Gesondheetsministère erënnert nach emol drun, datt laut de leschten Erkenntnisser vun der Insel, dës Covid19-Variant bis zu 70% méi „aktiv“ ass. Dat wëll de Ministère allerdéngs nach bestätegt gesinn. Dofir sollt een dann awer vläicht fuerschen. D‘Santé confirméiert hirersäits awer och, datt den Ament zu Lëtzebuerg net géif gefuerscht ginn, wéi hefteg dës Mutatioun ass. Et ass och net erwisen, datt dësen ee schlëmmere Krankheetsverlaf verursaacht.

Fir den Ament geet een awer op Nummer sécher. Déi europäesch Autoritéite sinn der Meenung, datt d‘Covid19-Variant kéint verantwortlech gi fir eng Iwwerbelaaschtung vun de Gesondheetssystemer well a kuerzer Zäit eng gréisser Populatioun kéint betraff sinn. Méi Infektiounen, dat heescht och méi Hospitalisatiounen. De Ministère erënnert dann och nach emol un déi essentiell Geste Barrière an réit de Leit „Mënschenusammlungen“ méiglechst ze vermeiden. Am beschten ass et doheem…

Illustratioun: © Filip Filkovic Philatz / unsplash

Related topics Covid19-Mutatioun, Covid19-Variant, Gesondheetsministère, LNS, Santé
Next post Previous post