Search

You may also like

Russesche Chefdiplomat iwwert d‘Ukrain-Telefonat
International Neiegkeeten

Russesche Chefdiplomat iwwert d‘Ukrain-Telefonat

Fir de russesche Chefdiplomat Sergey Lavrov ass d‘Verëffentlechung vum Gespréich

Fräiheet fir katalanesch Separatisten!
International Neiegkeeten

Fräiheet fir katalanesch Separatisten!

Honnertdausend Mënschen hunn gëschter an de Stroosse vu Barcelona d‘Fräiloossung

money
De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden
International Neiegkeeten

De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden

Bei der Auditioun vum 25. Oktober haten déi verantwortlech vum

Brittesche Premier am Spidol

Brittesche Premier am Spidol

Virun 10 Deeg hat sech de Boris Johnson, selwer ënner Quarantaine gesat, well hie positiv op de Coronavirus getest gi war. Well de britesche Premierminister nach ëmmer eppes Féiwer huet, gouf hien elo an ee Spidol bruecht.

Aus der Downing Street heescht dozou, datt dësen Transfert just eng preventiv Moossnam ass, well de Regierungschef „Symptomer“ huet. Ob Boris Johnson seng Amtsgeschäfter weiderféiere kann, gouf net verroden, mee de Fall gesat deem wier net esou, da géi den Ausseminister Dominic Raab, de Regierungsvirsëtz iwwerhuelen. De 55 järegen Architekt vum Brexit ass awer net eleng betraff.

SpidolSeng Liewenspartnerin a fréier Kommunikatiounscheffin vun den Tories, Carrie Symonds (32) huet eegenen Aussoen no, och eng Woch mat Symptomer vum Covid19 am Bett verbruecht. Si ass an aneren Ëmstänn an awer nach net op d‘Infektioun getest ginn, esou déi jonk op Twitter. Op der Insel sinn ee Sonndeg 621 Mënschen un de Folge vun der Infektiounskrankheet gestuerwen…

Et si schwéier Feeler gemaach ginn

Am Volleksmond heescht et „Deem enge säi Leed, deem aneren seng Freed“. Fir dee frësch zum Leader vun de Sozialisten (Labour) gewielte Keir Starmer, deen sech eigentlech mam Premier dës Woch iwwer Ausweeër aus der Kris sollt ënnerhalen. Fir den Terrain „virzebereeden“ an dem Boris Johnson ze signaliséieren, hat hien sech ee Gaaschtkommentar an der Sunday Times gegënnt.

SpidolAn dësem stellt hie kloer: „Et si schwéier Feeler gemaach ginn“ a beklot datt d‘Regierung vill ze spéit reagéiert huet. Groussbritannien géif net genuch Tester maachen, an dat Verspriechen all Dag 100.000 Mënschen ze teste misst elo direkt ageléist ginn. Virrangeg misst d‘Fleegepersonal getest a mat ausräichend Schutzausrëschtung ausstafféiert ginn, esou de Keir Starmer an der Zeitung.

Kritik ass net politesch motivéiert

Well d‘Briten et op den Dout net ausstoe kënnen, wann een no engem trëppelt dee schonn um Buedem läit, huet de Keir Starmer natierlech betount, datt hie sech der Kris net ermächtege wëll, fir politesche Profit dorausser ze schloen, mee fir „datt d‘Regierung erfollegräich ass, fir Liewen ze retten an de Liewensënnerhalt vun de Bierger ze sécheren“. Ob d‘Briten him dat esou ofkafen?

SpidolLaut dem „Royal College Physicians“, géife bis 20% vum medezinesche Personal net schaffe goen, an hätten als Grond dofir uginn, eng Infektioun bei sech oder Leit aus hirem Haushalt ze vermudden. Zudeem géifen d‘Fäll zouhuelen, bei deene Fleegkräften d‘Aarbecht verweigeren, well hinnen den Zougank zu Schutzkleedung verwiert gëtt. Dëse Problem awer ass Hausgemaach.

„Queen Mum“ ass net belëschtegt

Interessant dann awer d‘Feststellung – wa jo lee politeschen Notzen aus senger „Interventioun“ soll gezu ginn – dat de Keir Starmer, näischt verstanen huet. Hie fuerdert vun der Regierung Kloerheet doriwwer, wéi eng Pläng virleie fir eng schrëttweis Ophiewung vun de Restriktiounen anzeleeden. Et misst un der Infrastruktur geschafft ginn, fir d‘Vollek ze impfen, wann de Vaccin bis fonnt ass.

Dee sollt sech – wéi eigentlech all Mënsch deen iwwert e Minimum un Intelligenz verfüügt – de Video vu maiLab eranzéien an nees zügeg mat de Féiss op de Buedem kommen. D‘Queen huet dann hirersäits och d‘Wuert ergraff, fir déi „britesch Wäerter“ héichzehalen a vum Vollek eng strikt Disziplin ze fuerderen. Et schéngt, datt och d‘Elizabeth II mat der aktueller Lag onzefridden ass…

mat indymedia/lon/fra

Related topics Boris Johnson, Coronavirus, Covid19, Keir Starmer, NHS, Queen Elizabeth II
Next post Previous post