Search

You may also like

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen
International Neiegkeeten

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen

Souwuel um weltwäiten, wéi och um nationalen Niveau erliewe mir

EU-Mobilitéitspak: déi éisträichesch Propose ass besuergnesereegend
International Neiegkeeten

EU-Mobilitéitspak: déi éisträichesch Propose ass besuergnesereegend

Eng Delegatioun vum Transportsyndikat ACAL-OGBL an der europäescher Federatioun vun

geek
Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen
International Neiegkeeten

Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen

Wéi Breaking Bad ugelaf war, war dat de Start fir

Brochlandung an Indien

Bei staarkem Monsunreen ass d‘Landung vum Fluch IX-1344 zu Kozhikode zur Tragedie ginn

Brochlandung an Indien

De Fluch IX-1344 vun der „Air India Express“ war ouni Problemer verlaf, mee bei senger Landung um Fluchhafe vun der südindescher Stad Kozhikode ass d‘Maschinn wéinst dem extrem staarke Monsunree vun der Pist ofkomm. Bei dësem Incident hu mindestens 18 Persounen d‘Liewe verluer. 123 Passagéier sinn deels schwéier Verletzt ginn, esou den nach virleefege Bilan…

KozhikodeLaut dem Spriecher vun der indescher Administratioun fir zivil Loftfaart, ass d‘Maschinn mat 184 Passagéier iwwert d‘Landepist erausgerutscht. De Fliger, eng Boeing 737, ass nodeems si iwwert d‘Enn vun der Landepist „gerutscht“ ass, eng zéng Meter den Hiwwel erofgefall an hei an zwee Deeler zerbrach. De Fluchhafe vu Kozhikode am Bundesstaat Kerala gëllt als „schwiereg“.

KozhikodeDe Vol IX-1344 koum vun Dubai (UAE) a war Deel vum Programm zum Rapatriement vun indesche Bierger, déi wéinst dem Coronavirus Covid19 am Ausland hänke bliwwe waren. Ënnert den 184 Passagéier waren och zéng Kanner. D‘Crew huet aus zwee Piloten a fënnef Fluchbegleeder bestanen. Rettung war séier op der Plaz an et konnten 89 Persounen aus den Trëmmer befreit ginn.

KozhikodeVun de regionalen Autoritéite gouf bestätegt, datt 18 Persounen nëmmen nach Lieflos konnte gebuerge ginn. Si ginn och dovunner aus, datt d‘Zuel vun den Affer, bezunn op déi deels ganz schwéier blesséiert Passagéier wäert zouhuelen. De Premierminister huet via Twitter matgedeelt, datt hien a Gedanke bei de Famillje vun den Affer ass a wënscht de Verletzten eng séier Besserung.

mat indymedia/bom

Foto: அன்புடன் (via Twitter)

Related topics Air India Express, Calicut, Fligeraccident, Fluch IX-1344, Kozhikode
Next post Previous post