Search

You may also like

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg

Nodeems de Premierminister an déi groussherzoglech Koppel mueres zu Paräis,

Ouschtervakanz… flüchten ass méiglech
International Neiegkeeten

Ouschtervakanz… flüchten ass méiglech

Eigentlech geséich et d‘Regierung léiwer, wa mir eis géifen um

Editorial: Wann een awer net méi emol dierf haart nodenken
International Neiegkeeten

Editorial: Wann een awer net méi emol dierf haart nodenken

Also et ass elo awer och wierklech net einfach fir

Brochlandung zu Istanbul, dräi Doudeger

Brochlandung zu Istanbul, dräi Doudeger

Um Fluchhafen „Sabiha Gökcen“ zu Istanbul ass gëschter Owend eng Boeing 737 vu Pegasus Airlines, mat 183 Passagéier vun der Pist ofkomm an auserneegebrach. Heibäi ass de Fliger nach emol 50 bis 60 Meter iwwert d‘Landepist gerutscht an an en déiwer geleeënen Terrain gefall.

Op de Biller vum tierkesche Staatsfernseh TRT war ze erkennen, datt de viischten Deel vun der 737 komplett ofgebrach war, an och den hënneschten Deel vum Fliger huet zolidd Rëss opgewisen. Et ass dovunner auszegoen, datt d‘Passagéiermaschinn an dräi Deeler zerbrach ass. Op de Biller vun der TRT konnt een erkenne wei Passagéier iwwert d‘Flilleken d‘Maschinn verlooss hunn.

Bei dësem Accident sinn, esou d‘Matdeelung aus dem tierkesche Gesondheetsministère 3 Persoune verstuerwen. De Gouverneur vun Istanbul, Ali Yerlikaya, huet erkläert, datt d‘Wiederkonditiounen zum Zäitpunkt vum Virfall immens schlecht waren, an d‘Piloten d‘Maschinn net op der Pist behale konnten. 58 Passagéier déi heibäi blesséiert goufen, sinn an d‘Spidäler iwwerfouert ginn.

Istanbul

© V Ashankara

D‘Maschinn vun der Bëllegfluchgesellschaft Pegasus war 11 Joer jonk an technesch an der Rei, esou zumindest d‘Autoritéite vum Fluchhafen zu Istanbul, wou d‘Entreprise och hire Sëtz huet. Pegasus flitt eng 97 Destinatiounen un, déi meescht dovunner bannent der Tierkei. Mee och europäesch an asiatesch Destinatioune gi vun der Fluchgesellschaft ugebueden.

Et ass awer net den éischte Virfall an dësem Joer, an deen eng Maschinn vu Pegasus verwéckelt ass. Schonn um 7. Januar war um selwechte Fluchhafen, eng Passagéiermaschinn vun der Pegasus vun der Pist ofkomm. Déi hat 164 Passagéier u Bord, mee kengem war do e Leed geschitt. 2018 hat ee Fliger vu Pegasus zu Trabzon (Nord-Tierkei) ähnlech Problemer, och hei gouf kee blesséiert.

Nom Tëschefall géint 18.30 Auer (lokalzäit) huet de Fluchhafe Sabiha Gökcen misse gespaart ginn. D‘Staatsanwaltschaft huet Ermëttlungen ugekënnegt. D‘Ursaachen déi zum Accident gefouert hunn a firwat déi eelef Joer al 737 sech a seng Bestanddeeler opgeléist huet, dat alles gëtt zur Stonn vun den Zoustännegen Autoritéiten ermëttelt. D‘Ausliese vun de schwaarze Këschte steet och nach un.

mat indymedia/tlv

Foto. © V Ashankara

Related topics Crash, Fluchhafen, Istanbul, Pegasus Airlines, Sabiha Gökcen
Next post Previous post