Search

You may also like

ROBLES Gastronomie a Restauratioun: Och no 65 Joer nach mat Häerz dobäi!
International Neiegkeeten

ROBLES Gastronomie a Restauratioun: Och no 65 Joer nach mat Häerz dobäi!

Mat méi wéi 65 Joer Erfarung an der Restauratioun a

Fréiere President Giscard d‘Estaing verstuerwen
International Neiegkeeten

Fréiere President Giscard d‘Estaing verstuerwen

Den Zentrumspolitiker war President vu Frankräich vun 1974 bis 1981.

HAÏTI – Eng Ausstellung an der Belle Etoile
International Neiegkeeten

HAÏTI – Eng Ausstellung an der Belle Etoile

Am Kader vum 15 järege Bestoe vun der Asbl Action

Broschtkriibs frei genuch erkennen

Broschtkriibs frei genuch erkennen

Och a Frankräich ass Broschtkriibs de meescht verbreeten an déidlechst Kriibszort beim weibleche Geschlecht. Statistesch gesinn erkrankt 1 vun 8 Fraen un der Krankheet. Am freie Stadium kann de Kriibs an 9 vun 10 Fäll geheelt ginn.

D’Fréierkennung déngt dozou, bei Leit ouni Symptomer verdächteg Läsiounen, déi zum Kriibs féiere kënnen, ze gesinn Eng Mammographie kann hei souguer déi klengst Tumoren uweisen ier et zu enger Knupp oder Wéi kënnt.

De Moyen zur Fréierkennung dierf net vernoléissegt ginn

Nëmmen duerch eng fréizäiteg Entdeckung vum Tumor kann d’Krankheet effektiv behandelt ginn. Sou kann ee manner aggressiv Therapien ubidden an eng Senkung vun den Folgeschied garantéieren.

Informéieren an decidéieren

Leit tëschent 50 a 74 Joer gëtt och ouni Symptomer de Programm fir d’Fréierkennung ugeroden. Sollt dir iergendwellech Unzeechen opweise gitt dir vun ärem Hausdokter oder Gynekolog begleet a kritt déi bescht Léisunge gewise.

Denkt un d’Mammographie, iesst gesond a maacht reegelméisseg Sport fir Broschtkriibs virzebeugen.

Bei dëser Geleeënheet arennert eist Team nach emol un de Broschtkriibslaf, e Samschdeg, de 6. Oktober am Péitrussdall.

Related topics Broschtkriibslaf, Fraen, Fréierkennung, Kriibs, Mammographie
Next post Previous post