Search

You may also like

Däitschland: Eltere kloe géint Impfflicht
Neiegkeeten

Däitschland: Eltere kloe géint Impfflicht

Säit e Sonndeg gëllt bei eisen däitschen Noperen Impfflicht géint

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 19 Abrëll. bis den 25. Abrëll 2021
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 19 Abrëll. bis den 25. Abrëll 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech

Souverän ënnerwee: Vëlo fuere léieren am Erwuessenenalter
Neiegkeeten

Souverän ënnerwee: Vëlo fuere léieren am Erwuessenenalter

Dir kënnt (nach) kee Vëlo fueren, wéilt et awer gäre

Broschtkriibs geet eis all eppes un!

Broschtkriibs geet eis all eppes un!

Iergendeppes gesäit anescht aus. Mä wat? Och wa mir eis Broscht net ëmmer ukucken, falen eis fréier oder spéider Verännerungen op. An dat ass gutt esou.

Rechtzäiteg erkannt huet Broschtkriibs gutt Heelungschancen. En huet vill Symptomer, déi sech a klengen Opfällegkeete weisen: eng verännert Gréisst, Schwellungen op oder un der Broschtwaarz. Fir der Krankheet keng Chance ze ginn, sech (weider) ze entwéckelen, es et wichteg op d‘mannst eemol am Joer bei de Fraendokter ze goen. Dat am Kontext vun der Kriibsvirsuerg, mä och fir gynekologesch Erkrankunge mat Zäiten ze erkennen.

Déi gutt Noriicht: Dir kënnt selwer vill zu der Fréierkennung bäidroen, andeems Dir Är Broscht reegelméisseg oftaascht. Heefeg entdecke Frae ganz zoufälleg beim Acrèmen oder Duschen e Knuet an der Broscht. Wann Dir Är Broscht also konsequent a reegelméisseg kontrolléiert, sinn d’Chancen op Ärer Säit. Stellt Iech virun de Spigel a kuckt Iech kritesch. Gesäit eppes anescht aus ewéi soss? Dëst kann Iech déi éischt Kéiere komesch virkommen, et ass awer vun onschätzbarem Wäert.

Dës Symptomer kënnen op eng Erkrankung hiweisen. Mä keng Panik: Kleng Verännerunge sinn nach laang kee sécheren Hiwäis op Broschtkriibs. Wann Dir mengt, ee Symptom bei Iech entdeckt ze hunn – déif duerchootmen an e Rendez-vous beim Fraendokter maachen. Et ass dacks harmlos. Net iwwerreagéieren. En Tumor heescht net automatesch Kriibs.

Uleedung fir d’Broscht ofzetaaschten – dës 7 Symptomer sinn typesch:

1. Verhäerdungen an der Broscht

Ee klassescht Symptom sinn Kniet an der Broscht, déi fënnt ee beim Oftaaschte ganz séier. Et ass awer net all Knuet béisaarteg, et kann och eng Zyste sinn. No engem Biopsie wësst Dir méi. Direkt no der Period ass d’Broscht mëll, am beschten ass et, se an där Zäit ofzetaaschten.

2. Agezunnen Haut un der Broscht

Ass d’Haut op engem Plaz e bemol e bëssen no banne gezunn, kann dëst een Zeeche fir Broschtkriibs sinn. Dës Symptomer weisen sech dacks un der Broschtwaarz. Se schéngt e bësse schif auszegesinn. Schwätzt mat Ärem Fraendokter driwwer.

3. Verschidde Broschtgréissten

Munch Brëscht si selwecht grouss, anerer sinn net ganz symmetresch. Dat ass normalerweis kee Problem. Et gëllt awer opzepassen, wann sech d’Gréisst verännert.

4. Ënnerschiddlechst Ausgesinn

Bei der Broschtkriibsvirsuerg ass et wichteg, datt een d’Äerm unhieft a kuckt ewéi d’Brëscht sech doduerch veränneren. Wann alles an der Rei ass, sollten se normal ausgesinn an hier Form behalen. Verännert sech d’Form a se wierkt agefall, wär et noutwenneg dat vun engem Dokter kontrolléieren ze loossen.

BroschtkriibsIergendeppes gesäit anescht aus. Mä wat? Och wa mir eis Broscht net ëmmer ukucken, falen eis fréier oder spéider Verännerungen op. An dat ass gutt esou. © Victoria Strukovskaya / unsplash

5. Flëssegkeeten aus der Broschtwaarz

Dréckt d’Broschtwaarz liicht zesummen. Idealerweis sollt näischt passéieren. Wann allerdéngs eng wässereg, bluddeg oder eetereg Flëssegkeet erauskënnt, muss dat vum Dokter ënnersicht ginn.

6. Spierbar Lymphkniet

D’Lymphkniet ënnert den Äerm sinn e wichtegen Indikator fir Verännerungen an Entzündungen am Kierper. Dofir heescht et och hei – reegelméisseg oftaaschten.

7. Verännerung vun der Faarf

Wann d’Broschtwaarz e bemol d’Faarf verännert, ass och dëst e Fall fir den Dokter.

Also denkt wann ech gelift drun: Virsuerg ass besser ewéi Nosuerg!

Quell. Gofeminin.de

Illustratioun: © Angiola Harry / unsplash

Related topics Broschtkriibs, Fraendokter, Gynekolog, Heelungschancen, Preventioun, Virsuerg
Next post Previous post