Search

You may also like

De Countdown leeft: Äre Projet (m)am Naturpark!
Neiegkeeten Stories

De Countdown leeft: Äre Projet (m)am Naturpark!

Zesumme mam Ministère fir Landesplanung lancéieren déi dräi Naturparken Öewersauer,

money
Ass Lëtzebuerg dat produktiivst Land?
Neiegkeeten Stories

Ass Lëtzebuerg dat produktiivst Land?

Produktivitéit ass ee vun de Schlësselelementer vum wirtschaftlechen Erfolleg. Wat

Dat mat der neier Verfassung gëtt näischt
Neiegkeeten Stories

Dat mat der neier Verfassung gëtt näischt

Mam villen Hin an Hier bei der CSV, déi engersäits

E fir ze degustéieren: D‘Brune vu Battin

E fir ze degustéieren: D‘Brune vu Battin

Hei dann nach esou e „gellege Pleséier“ deen ee sech net sollt entgoe loossen: d‘Brune aus dem Haus Battin. Dës Brune bestécht duerch hire Mahagoni-Faarwege Kierper, an ass wierklech immens erfrëschend. Gebraut mat beschten Happ an engem subtil geréischterte Malz, ass et am Mond déi liicht karamelleg Nout déi een zréckbehält. Esou ass d‘Brune e gutt equilibréierte Béier.

D‘Rezept zu dësem sënnleche Béier, huet de Braumeeschter Maurice Treinen entwéckelt. Et war deen, wou nach gefeelt hat, fir déi ganz Bandbreet vu Zorten ofzedecken. D‘Brune vu Battin, déi vun der Käerjenger Brasserie Nationale hiergestallt a verdriwwe gëtt, setzt sech duerch déi ganz natierlech Inhaltsstoffer däitlech vun der industrieller Konkurrenz of. Dat schmaacht een och.

Wéi eis et de Braumeeschter erkläert huet, kënnt bei der Brune déi selwecht Produktpalett an den Asaz, wéi bei alle Béier mam Numm Battin. Et änneren sech just d‘Proportiounen an d‘Geescht ass geréischtert. Wie mengt et wier e Liichtes esou e Béier hierzestellen, deen iert. Ganzer fënnef Rezepturen an e gutt Joer Aarbecht stiechen an der Brune. Et dierf ee soen, d‘Méi huet sech gelount.

Battin

Den Happ vun Hallertau (Bayern) huet sech bewäert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Vun Esch-Uelzecht op Käerjeng

D‘Brune, déi en Alkoholgehalt vun 7,2% Opweises huet, sollt ee mat Rou genéissen, zu enger Temperatur vu 7-8°C gëtt geroden. Mir hunn e bei 6°C zum Iessen zerwéiert, well d‘Brune exzellent zu Gefligeltem passt – an eisem Fall eng säfteg Dinde – wat och vun de Gäscht beschtens appreciéiert konnt ginn. Ganz passend wier d‘Brune och beim Foie Gras, wat jo zäitlech opgeet.

Et ass op dëser Plaz net verkéiert nach emol drop hinzeweisen, datt Battin a fréieren Zäiten d‘Brauerei vun den Escher war, an si sech do eng trei Clientèle opgebaut hat. Battin hat an huet e Wäert, wat sengerzäit vun der Direktioun vun der Brasserie Nationale richteg erkannt gi war, firwat de Numm an d‘Rezepter vun „annodunnemols“ erhale bliwwe sinn. Et gouf e Patrimoine geséchert.

Hautdesdaags produzéiert d‘Brasserie Nationale wäit iwwer 160.000 Hektoliter Béier am Joer, a kann sech och weiderhin um nationale Maart behaapten. Och op internationalem Niveau kënnen sech d‘Produkter vun deene Käerjenger weise loossen. An dobäi ass et nach ëmmer eng artisanal Brauerei. An dat dierft de wierkleche „Secret“ vun der Brasserie Nationale sinn.

Foto: © Brasserie Nationale

Related topics Adventskalenner, artisanale Béier, Battin, Brasserie Nationale, Brune, Craft Beers, Käerjeng
Next post Previous post