Search

You may also like

Ëffentlechen Transport: Lëtzebuerg schéngt e Virbild ze sinn
Neiegkeeten

Ëffentlechen Transport: Lëtzebuerg schéngt e Virbild ze sinn

Nodeems de François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Mam Stock-Car Auto duerch den Topaze!
Neiegkeeten

Mam Stock-Car Auto duerch den Topaze!

Hat Dir se och gesinn, déi zwee getéitscht Autoen am

Fête de la Musique 2020: Bis de 15. Mäerz kann ee sech mellen!
Neiegkeeten

Fête de la Musique 2020: Bis de 15. Mäerz kann ee sech mellen!

Méi wéi 400 gratis Concerten u 5 Deeg uechtert d’Land:

Gratulatioun un d’BTS-Studenten!

Gratulatioun un d’BTS-Studenten!

Tëscht dem 14. an dem 16. Oktober 2020 hunn iwwer 250 BTS-Studenten hiren Diplom am Parc-Hôtel Alvisse, respektiv am groussen Auditoire vun der Maison du Savoir um Campus Belval iwwerreecht kritt.

Tëscht den 28 verschidde Formatiounen, ass an 4 Beräicher eng éischte Kéier den Ofschlossbrevet verdeelt ginn. Heizou gehéieren de Brevet de Technicien Supérieur (BTS) an „Game Art and Game Design“ a „Game Programming and Game Design“ vum Lycée des Arts et Métiers, sou wéi „Cloud Computing“ vum Lycée Guillaume Kroll an „Hospitality Management“ vun der Lëtzebuerger Tourismusschoul.

BTS© MESR

Bei senger Ried huet den Héichschoulminister Claude Meisch déi aussergewéinlech Konditiounen ervirgehuewen, déi am Summersemester 2019/2020 duerch d’Pandemie hu missen ergraff ginn. D’Flexibilitéit an d’Ausdauer, déi d’Studente bewisen hunn, konnten zu hiren digitale Kompetenze bäidroen.

Trotz Upassungen ass et méiglech gemaach ginn, datt déi Jonk mam BTS eng professionell spezialiséiert Qualifikatioun a methodologescht Wëssen opweise kënnen. De Wee an d’Beruffsliewe steet elo op!

Opmaacherbild © MESR

Related topics Brevet de Technicien Supérieur, BTS, Claude Meisch, Cloud Computing, Diplomiwwerriechung, Game Art and Game Design, Game Programming and Game Design, Hospitality Management, Maison du Savoir, Ofschloss, Parc-Hôtel Alvisse, Studenten
Next post Previous post