Search

You may also like

Attentäter vu Christchurch wäert am Prisong al ginn
Neiegkeeten

Attentäter vu Christchurch wäert am Prisong al ginn

No enger véierdeegeger Unhéierung ass gutt annerhalleft Joer no den

HALESTORM – Weiblech Power fir pur Faszinatioun!
Neiegkeeten

HALESTORM – Weiblech Power fir pur Faszinatioun!

Gëschter Owend huet déi US-amerikanesch Rockband Halestorm am Atelier performt.

USA: Schéisserei a Klengstad
Neiegkeeten

USA: Schéisserei a Klengstad

Um Dënschdegmueren (Lokalzäit) huet ee 67 järegen an der Klengstad

Vu Cybersécherheet bis zur juristescher Assistenz: Véier nei BTS’en ginn offréiert

Vu Cybersécherheet bis zur juristescher Assistenz: Véier nei BTS’en ginn offréiert

Wéi de Ministère fir Héichschoul matdeelt, solle fir d’Rentrée 2021/2022 véier nei BTS-Formatiounen zur Verfügung stoen an domat d’Offer fir d’Schüler nach méi räichhalteg gestalten. Esou wäert am neie Schouljoer „Cybersécherheet“ am Lycée Guillaume Kroll, „Digital Inhalter“ am Lycée Nic-Biever, „Juristesch Assistenz“ am ECG a „Commerce“ am Lycée du Nord ugebuede ginn.

Wärend d’Formatioun am Beräich „Commerce“ schonn zënter Juni 2020 vum Ministère akkreditéiert ass an fir déi zukünfteg Rentrée offréiert gëtt, sinn déi dräi weider Formatiounen eréischt viru Kuerzem, an dat fir d’Period vum 15. September 2021 bis de 14. September 2026, zougelooss ginn.

Hei den Detail zum jeeweilege BTS:

  • „Cybersécherheets“ am LGK zu Esch-Uelzecht: Dës Formatioun bezitt sech op d’Sécherheetskonzepter an d’Gestioun vun der Sécherheet. Duerch theoretesch a praktesch Coursen sollen d’Schüler beschtméiglech op d’Realitéit an der Aarbechtswelt virbereet ginn.
  • „Digital Inhalter* am LNBD zu Diddeleng: D’Schüler léiere méi iwwert d’Techniken an Technologien am Beräich vun der Produktioun vun digitalen Inhalter. Zum engen bezéie sech d’Coursen op d’Technologie vun de Medien, Informatik an Internet, sou wéi op d’Kommunikatioun, d’Gestioun, de Marketing an d’Ekonomie. An dësem Kader wäerten et Abléck an ënnert anerem d’Fotografie, Webdesign an digital Outile ginn.
  • „Juristesch Assistenz“ am ECG an der Stad Lëtzebuerg: Dës interaktiv Formatioun verbënnt Droit, Kommunikatioun an administrativ Gestioun. Dobäi gouf de Programm zesumme mam Parquet, dem Ordre des avocats du barreau de Luxembourg, der Chamber vun den Notairen, der Chamber vun de Geriichtsvollzéier an de Fiduciairen erstalt.
  • „Commerce“ am LN zu Wolz: Dëse BTS ass an eng theoretesch a praktesch Formatioun an enger Entreprise agedeelt, wouduerch d’Schüler déi noutwenneg Kenntnisser vum Aarbechtsliewen kenneléiere sollen. Doduerch sinn si virbereet op d’Responsabilitéiten an enger kommerzieller Entreprise, am Eenzelhandel a Grousshandel.

Déi komplett Lëscht mat alle BTS-Formatiounen déi zu Lëtzebuerg ugebuede ginn fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © Anthony Da Cruz / unsplash

Related topics Bildung, Commcerce, Cybersécherheet, Digital Inhalter, ECG, Juristesch Assistenz, Lycée du Nord, Lycée Guillaume Kroll, Lycée Nic Biever, Ministère fir Héichschoul a Fuerschung, Nei BTS-Formatiounen, Wolz
Next post Previous post