Search

You may also like

Kulturfabrik: Peripherie vum 38. Paräisser Maart vun der Poesie
Kultur Neiegkeeten

Kulturfabrik: Peripherie vum 38. Paräisser Maart vun der Poesie

Zesumme mam Marché de la Poésie organiséiert d’Kulturfabrik am Oktober

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg

Nodeems de Premierminister an déi groussherzoglech Koppel mueres zu Paräis,

Besuch a Polen: Mir spillen all eng Roll am Kampf géint Diskriminatioun
Kultur Neiegkeeten

Besuch a Polen: Mir spillen all eng Roll am Kampf géint Diskriminatioun

Um zweeten Dag vu senger Rees a Polen huet de

E Buch am Zuch 2019 – Fir d’Freed um Liesen!

E Buch am Zuch 2019 – Fir d’Freed um Liesen!

Dëst Joer fënnt um Dënschdeg, den 23. Abrëll nees déi traditionell Verdeelung vun der Anthologie „Buch am Zuch“ statt. Dobäi luet d’Initiative „Freed um Liesen“, de Centre National de Littérature (CNL) an den CFL Iech häerzlech an, fir op enger vun de 5 Garen äre perséinlechen Exemplaire mat op de Wee ze huelen!

Et ass schonns déi 21. Editiouns vun „Buch am Zuch“ an dëst Joer reit dat literarescht Evenement sech och nach super an de Weltdag vum Buch an den Auteursrechter vun der UNESCO an, wat sech bei eis am Grand-Duché direkt op fënnef Deeg ausbreet, an zwar vum 18. bis den 23. Abrëll. De Marc Wengler, General-Direkter bei der CFL, erkläert, datt kommenden Dënschdeg op de Garen iwwer 7.000 Exemplaire vum Buch mat de klenge Geschichten a Gedichter gratis verdeelt ginn.

Dëst Joer steet d’Wierk am Zeeche vum Bauen a Wunnen. Et gëtt awer ënnerstrach, datt et sech heibäi net ëm een Renovatiouns-Katalog oder eng nei Editioun vu „Schöner Wohnen“ handelt, méi dozou awer gläich. An dësem Kader huet de Marc Wengler och ervir gehuewen, datt natierlech och d’CFL sech momentan an enger intensiver Bauphas befënnt.

D’Claudia Schneider-Schoo vun der Initiative „Freed um Liesen“ ergänzt d’Erklärung mat weideren Detailer. Esou sinn am Buch 47 Auteure vertrueden, déi natierlech all ee grousse Merci verdéngen. Heibäi ass dann och direkt dem CFL, deen d’Käschte vum Drock an dem Evenement vum kommenden Dënschdeg iwwerhëlt, dem CNL, alle Persounen, déi gehollef hunn d’Texter erauszesichen, sou wéi dem Designer an der Druckerei ee Merci ausgesprach ginn.

Nach ee Stéckelche méi an den Detail ass d’Germaine Goetzinger gaangen. Bei der Recherche fir iwwerhaapt emol genuch Wierker ze fannen, huet ee schnell missen zouginn, datt Lëtzebuerg tatsächlech eng räich Literatur huet, souguer am Beräich vum Wunnen a Bauen. No laanger Aarbecht bei der Sich, dem Regruppéieren, dem Reduzéieren, der Kreatioun vum Cover a Layout a schlussendlech dem Drock kann ab nächster Woch och d’Ëffentlechkeet d’Wierk an den Hänn halen.

Buch am Zuch

(v.l.n.r.) Claude D. Conter; Germaine Goetzinger; Marc Wengler; Claudia Schneider-Schoo © Shari Pleimelding/moien.lu

D’Léift zum Schreiwen, Liesen a Wunnen

Esou kommen 61 Texter an den dräi Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch op 47 Auteuren – dovun 39 Männer an 8 Fraen. Hei sollt een dobäi fügen, datt ee gäre méi Wierker vu weiblechen Auteure gehat hätt, d’Offer awer leider net grouss war. Ze fanne sinn 18 franséisch Geschichten, 20 op däitscher Sprooch an 23 lëtzebuergesch Texter. Dobäi ass déi eelst Geschicht vun 1887 an déi Rezentst vun 2007, woubäi nieft bekannten Auteuren, wéi dem Batty Weber, dem Josy Braun oder dem Aline Mayrisch och divers nei Kënschtler mat am Boot sinn.

Op iwwer 150 Säite gëtt de Lecteur op eng Rees iwwert de Bau vum Haus bis hin zur nostalgescher Stëmmung, wann d’Bewunner stierwen an d’Famill raume muss. Donieft geet et awer och beispillsweis ëm een Aarbechterhaus am Minett, architektonesch Sënnen am Grand-Duché, d’Isolatioun an enger klenger Stater Wunneng, d’Bräich wéi mat der Scheierpaart oder och déi groussherzoglech Bibliothéik – elo kann a sollt een awer net direkt alles opzielen, mee selwer um 23. Abrëll aktiv ginn!

Zil ass et, de Reesenden ee Buch ze schenken, wouduerch si zum liesen encouragéiert ginn, erkläert de Claude Dario Conter, Lëtzebuerger Germanist a Literaturwëssenschaftler. Schliisslech gehéiert dësen Akt zu eiser Kultur. An engems soll d’Literatur als Medium, virun allem mat senger grousser Diversitéit zu Lëtzebuerg, gefërdert ginn. Dofir war et wichteg, ee physeschen Objet ze schenken, sou datt ee sech nees an der Literatur Doheem fille kann.

Natierlech ginn et vill Persounen, déi beispillsweis duerch hiren héijen Alter oder eng ageschränkte Mobilitéit, net bis op d’Gare komme kënnen, fir sech hiren Exemplaire perséinlech sichen ze kommen. Aus dësem Grond ginn tëscht Abrëll an November Literaturliesunge mam Titel „20 Auteure fir 20 Joer SERVIOR“ fir d’Bewunner ugebueden. Vergaangenen Dënschdeg war hei den Optakt, dee scho mat groussem Succès ugefaangen huet!

Mir hoffen, datt dëst literarescht Evenement och op de Gare groussen Erfolleg feiert, sou datt – egal wéi eng Nationalitéit een huet – fir jiddwereen eng passend a spannend Geschicht mat dobäi ass!

Weider Informatiounen

Am Kader vum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter gëtt d’Buch am Zuch tëscht 16:00 an 18:30 Auer op der Stater Gare, sou wéi ab 06:00 Auer op de Garen zu Beetebuerg, Ettelbréck, Miersch a Waasserbëlleg gratis verdeelt.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Bauen a Wunnen, Buch am Zuch, CFL, Stater Gare, UNESCO, Weltdag vum Buch an den Auteursrechter
Next post Previous post