Vum Klimawandel verdriwwen: 2019 waren 23,4 Millioune Mënschen op der Flucht
Schonn elo zwéngt de Klimawandel e puer Millioune Mënschen dozou,
Schonn elo zwéngt de Klimawandel e puer Millioune Mënschen dozou,
Laut dem gëschter verëffentlechte Rapport vum wallounesche Waffen-Observatoire, huet d‘Regioun
2017, wéi sech d‘Gemengewahlen ofgezeechent hunn, hat d‘Chambre immobilière vu
D’Campagne “Krieg beginnt hier” an dat interregionaalt Friddensnetzwierk “QuattroPax” ruffen den 2. Juni zu enger Protestaktioun zu Büchel an der Eifel op. Büchel ass déi eenzeg Plaz an Däitschland, op där Atomwaffe gelagert sinn a läit knapp 70 km Loftlinn vun der lëtzebuergescher Grenz ewech.
Doduerch, datt d’Weltmuechten nees groussaarteg dobäi sinn hir déck Muskele spillen ze loossen, besteet eng ëmmer gréisser Gefor fir de Fridden. Dem Verbuet vun nukleare Mëttelstreckerakéiten, also dem INF-Vertrag, schéngt ëmmer méi den Aus ze dreeën. Gläichzäiteg sollen zu Büchel déi gelagert Atomwaffen duerch neier, wuel méi “performant” Atombommen ersat ginn, woumat deenen hir Asazméiglechkeet e Stéck wäit méi wahrscheinlech gëtt.
Aus dësem Grond bedeelege sech eng Rei Gruppen un dëser Protestaktioun zum ustoenden nukleare “Schwanzverglach” a fuerderen de Réckzuch souwéi d’Vernichtung vun allen Atomwaffen. De Protest um 2. Juni ass nëmmen eng vu villen Aktiounen, déi säit dem 26. Mäerz vun dësem Joer am Gaang sinn a bis den 9. August undauere sollen.
Folgend Organisatiounen huelen den 2. Juni un der Protestaktioun deel:
Ab 11:00 bis viraussiichtlech 17:00 Auer op der “Friedenswiese am Fliegerhorst Büchel”.
Um 11:00 Auer en “Abrüstungsbrunch” virun der Haaptentrée vum Fliegerhorst.
Um 15:00 Auer gëtt et dann e “Keine-Atomwaffen-Kaffee”.
Doriwwer eraus wäerten et inhaltlech Bäiträg vun ënner anerem dem Jan Gildemeister an dem Raymond Becker souwéi weidere Participanten vun der däitscher Friddensgesellschaft ginn.
Weider Informatiounen zur Bücheler Protestaktioun befanne sech op dësem Site.
Opmaacherfoto: Pixabay