Search

You may also like

Premierminister vum Québec wëll Immigratioun drosselen
Kultur Neiegkeeten

Premierminister vum Québec wëll Immigratioun drosselen

De François Legault, Premierminister vum Québec, huet e Mëttwoch op

Schutz vun de Bëscher: D’EU-Kommissioun geet net wäit genuch!
Kultur Neiegkeeten

Schutz vun de Bëscher: D’EU-Kommissioun geet net wäit genuch!

Virun enger Woch huet déi Europäesch Kommissioun dem Europäesche Parlament

E gudde Rennweekend fir den Dylan Pereira
Kultur Neiegkeeten

E gudde Rennweekend fir den Dylan Pereira

No senger Victoire um Hockenheimring – woufir et leider keng

Buchpresentatioun vum Chris Carter sengem „Bluthölle“

Buchpresentatioun vum Chris Carter sengem „Bluthölle“

Schonn am emotionale Virwuert erkläert den Auteur Chris Carter, datt „Bluthölle“ (Ullstein Verlag) säi schwieregst Buch ass. Et huet nawell vill beréiert an eng ferm Héngerhaut bei mir ausgeléist.

De Robert Hunter, Profiler beim LAPD, kritt e schrecklecht Buch vun enger Täschendéiwin (Angela) – mat grausame Skizzen a Fotoe vu gefolterten Affer virgeluecht. Ier den Hunter d’Affer identifizéiere kann, mellt den Täter sech bei him. En hätt gären säin Album erëm! En dreet: Wien säi Buch gesinn huet, muss stierwen!

Kréien si de Mann opgehalen? D’Angela ass a grousser Gefor an dem Hunter säi Beschützerinstinkt gëtt aktivéiert. E wëll alles a senger Muecht maachen, fir him grousst Leed ze erspueren. Ass dat méiglech?

D’Atmosphär ass nawell düster. Owes hunn ech dacks missen iwwer meng Schëllere kucken an op all Schiet uecht ginn.

Et ass well den 11. Fall mat dësen Ermëttler, ech kucken hinne gären iwwer d’Schëller. Vun der éischter bis zur leschter Säit bleift et spannend. No all de Fäll an zéng Joer harmonéieren den Hunter an de Garcia perfekt mateneen, ale Bekanntschafte begéint een och.

Duerch déi kleng Kapitele wëll a muss de Lieser onbedéngt wëssen ewéi et weidergeet! Sensibel Lieser mussen allerdéngs oppassen, dem Här Carter seng Romaner si fir seng réi Gewalt a Brutalitéit bekannt. Souguer ech hu misse schlécken, ewéi ech d’Motiv vum Täter kannt hunn. Richteg sadistesch! Wéi déif kënne mënschlech Ofgrënn sinn? A firwat? Interessant dorunner ass, d’Siichtweis vum Psychopat kennenzeléieren.

Duerch dem Här Carter säi perséinleche Verloscht hoffen ech, datt en mat der Zäit seng Kraaft an Inspiratioun erëmfënnt. Seng Romaner sinn nämlech eenzegaarteg. Ech hunn souguer wärend dem Liese fonnt, datt den Auteur net ganz bei der Saach war, ma dat ass verständlech! Dat nächst fënnt awer seng Plaz a mengem Bicherregal. Wien wäert da wuel säi Géigespiller sinn?

Related topics Auteur, Bluthölle, Buch, Buchpresentatioun, Chris Carter, Emotioun, Literatur, mënschlech Ofgrënn, Profiler, Robert Hunter, Skizzen, Thriller, Zeechnungen
Next post Previous post