Search

You may also like

De Covid19… eng biologesch Waff?
Kultur Neiegkeeten

De Covid19… eng biologesch Waff?

De Kampf géint déi illegal Awanderung, ass ee vun de

DEUX vum Filippo Meneghetti ass zeréck!
Kultur Neiegkeeten

DEUX vum Filippo Meneghetti ass zeréck!

Nom immense Succès bei de Spectateuren an op de Filmfestivaller

Expo „New Age Landscape“ am Casino Display
Kultur Neiegkeeten

Expo „New Age Landscape“ am Casino Display

Dem Andrea Mancini seng organiséiert Kënschtlerresidenz am Casino Display (Beim

Näischt fir schwaach Nerven – Presentatioun vum Thriller „CO2 – Welt ohne Morgen“

Näischt fir schwaach Nerven – Presentatioun vum Thriller „CO2 – Welt ohne Morgen“

Wat soll een zu dësem Buch aus dem Lübbe Verlag soen? Et ass onvirstellbar. Onvirstellbar traureg, realistesch an awer och fiktiv. Dem Tom Roth säin Thriller „CO2 – Welt ohne Morgen“ léisst engem keng Hoffnungen.

D’Hannah aus Berlin ass nëmmen eent vun 11 anere Kanner (weltwäit), wat sech gäre fir de Klimaschutz asetzt an dofir extra an e Klima-Camp an Australien geet. Déi jonk, engagéiert Jugendlech ginn entfouert.

D’Fuerderungen vun den Entféierer, déi sech un de Klimasommet riichte si kloer: Falls sech d’Welt net op méi drastesch Klimaziler eenegt, wäert all Woch e Kand un CO2 stierwen. Den qualvollen Dout gëtt live iwwerdroen – zur Motivatioun.

Et fillt ee mam Hannah senger Mamm a sengem Monni mat, hir Verzweiwlung suergt plazeweis fir Héngerhaut. Dat wëll keen erliewen … Däitschland, Australien, FBI-Agenten, ganz Natioune schaffen zesumme fir eng Léisung ze fannen an d’Kanner ze retten.

D’Zäit leeft!

D’Geschicht ass e bësse verwirrend, duerch dräi ënnerschiddlech Handlungssträng (an Zäiten) verléiert een séier de Fuedem. Et heescht konzentréiert bleiwen, da klappt dat och.

D’Buch huet e bëssen méi wéi 500 Säiten an ass och näischt fir tëschenduerch. Et liest sech flësseg an ass ofwiesslungsräich, et passéiert op all Säit eppes.

Ganz flott ass, datt déi wëssenschaftlech Begrëffer ganz einfach erkläert ginn. D’Thematik, déi brandaktuell ass, gouf ausgezeechent vum Auteur ëmgesat, him ass et gutt gelongen, seng Charakteren, d’Zäiten a Plazen harmonesch ze vereenen. De Schluss vum Buch ass zefriddestellend a logesch, et bleiwe keng Froe méi op. Et ass en Thriller deen nohalteg an Erënnerung bleift. An dat ass gutt esou. Villäicht hëlleft en jo beim Ëmdenken, d’Welt hätt et nämlech batter néideg.

Related topics CO2 - Welt ohne Morgen, Entféierung, Klima, Klimaziler, Lübbe Verlag, Thriller, Tom Roth, Zäit leeft
Next post Previous post