Search

You may also like

dislikesurprise
Editorial: Eng bosseg politesch Konstellatioun
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Eng bosseg politesch Konstellatioun

Am spéiden Nomëtteg huet d‘adr, déi Alternativ Demokratesch Reformpartei, gëschter

48 Refugiéen aus Italien sinn op Lëtzebuerg komm
Kultur Neiegkeeten

48 Refugiéen aus Italien sinn op Lëtzebuerg komm

Am September 2015 huet de Conseil  “Justice et affaires intérieures” (JAI)

Alles op de Vëlo Spezial: Verbesserunge vun Infrastrukture gi gewënscht, och Sécherheet a Komfort spillen eng grouss Roll
Kultur Neiegkeeten

Alles op de Vëlo Spezial: Verbesserunge vun Infrastrukture gi gewënscht, och Sécherheet a Komfort spillen eng grouss Roll

Als ëmweltfrëndlecht Transportmëttel, dat net nëmmen e sportlechen an touristeschen

„Das Mädchen Jannie“ – Esou huet d’Petra Hammesfahr en Tabuthema opgeholl

„Das Mädchen Jannie“ – Esou huet d’Petra Hammesfahr en Tabuthema opgeholl

An dësem Buch vun der däitscher Autorin Petra Hammesfahr ginn et méi Gewaltzeenen ewéi normalerweis, ma et ass wuel batter Realitéit. Den Diana Verlag huet d’Buch op de Maart bruecht a beweist domat Courage, andeems en een Tabuthema mat an d’Geschicht abaut.

Et ass erschreckend ze gesinn, ewéi séier d’Zigeinerkanner verschwanne kënnen – si si praktesch onsiichtbar. Keen këmmert sech, keen interesséiert sech!

D’Jannie, e klengt Meedche gehéiert zu engem Grupp Heescherten aus Osteuropa. Säi Brudder ass elle krank – hatt sicht no Medezin an zitt dofir vun Haus zu Haus. Aus Angscht erwëscht ze ginn, leeft hatt fort a verstoppt sech an engem Stall. Leider an deem Falschen.

De (komeschen) Besëtzer, den Dieter këmmert sech direkt ëm hatt. En ass frou net méi eleng ze sinn. Mee wéi laang hält dat Gléck un? Ass seng Frëndlechkeet just eng Fassade? Wat verstoppt en? Wéi gewalttäteg ass hien?

Dem Dieter seng Mamm, déi bettlägereg ass, probéiert d’Jannie op d’Gefor opmierksam ze maachen, mä d’Meedche versteet d’Hiweiser net. Ass et ieren schonn ze spéit? Wat dreift den Dieter zu senge scho bal onmënschlechen Handlungen?

D’Buch gëtt aus verschiddene Perspektiven erzielt, wouduerch et trotz 400 Säiten net langweileg gëtt. D’Charaktere sinn eenzegaarteg gezeechent, et ass interessant jiddwerengem bei der Entwécklung nozekucken. Zemools d’Jannie, dat couragéiert Meedchen ass en zweete Bléck derwäert.

D’Autorin Petra Hammesfahr suergt ëmmer fir gutt Ënnerhalung. Kee Wonner, datt de Roman „Die Sünderin“ mam Jessica Biel verfilmt ginn ass. Dat war nawell e Succès!

Eisen Interview mat der Autorin kënnt Dir HEI noliesen.

Related topics Buchpresentatioun, Das Mädchen Jannie, falsch Frëndlechkeet, Gewalt, Literatur, Petra Hammesfahr, Tabuthema, Zigeinermeedchen
Next post Previous post