Search

You may also like

Le Courage: Den eppes aneren Dageszenter
Kultur Neiegkeeten

Le Courage: Den eppes aneren Dageszenter

Mam soziale Bistro „Le Courage“ fanne vun der Gesellschaft ausgegrenzte

Flamenco Festival 2021: E super Programm mam gewësse Fuego
Kultur Neiegkeeten

Flamenco Festival 2021: E super Programm mam gewësse Fuego

Vum 27. Mee bis den 1. Juni fënnt déi 15.

dislike
Suessem: Erstaunleches aus der Bréifkëscht
Kultur Neiegkeeten

Suessem: Erstaunleches aus der Bréifkëscht

Déi Lénk aus der Gemeng Suessem hu richteg festgestallt, datt

Buchpresentatioun vun „Der Report der Magd“

Buchpresentatioun vun „Der Report der Magd“

Dës Graphic Novel vum Margaret Atwood sengem Report der Magd (berlin Verlag) ass fuerchtbar. Also fuerchtbar gutt. Erschreckend. Se kënnt ouni vill Wierder aus, e Bild erzielt méi ewéi e wëll. Oder erdroe kann. Ech fannen se nach besser ewéi d’Buch.

Et rëselt een op – de Lieser freet sech automatesch: Wat kënnt nach op eis duer? Ass et eng Zukunftsvisioun oder just eng fiktiv Dystopie? Hoffentlech dat zweet! D’Illustratiounen bleiwen nach laang an Erënnerung, nom Liesen huet een e bessert Versteesdemech fir d’Fräiheet. Jo, och an dëser Zäit. Mir mussen se genéissen esou laang et geet.

Mä wéi kann e sech sécher fillen?

Am Buch geet et ëm Ënnerdréckung, Rassismus, Homosexualitéit, Relioun, Diskriminéierung a sou villes méi. Fraen hu keng Rechter méi, se sinn nëmmen nach gutt fir der héijer Herrschaft Kanner ze gebären an Déngschter z’erweisen. Si hu keng Identitéit méi. Kee Liewen. Si funktionéieren a stänneger Angscht. E Feeler ze vill a se gi batter bestrooft oder bezuelen mam Dout. Alles ass verbueden!

Hoffe mir alt, dass Gilead ni real gëtt …

D’Zeremonien wullen op, Vergewaltegungen stinn op der Dagesuerdnung. Spaass, Freed a Loscht sinn eng Sënn. Et gëtt no strenge Reegelen gelieft. Ass dat nach e Liewen? Grausam!

Wéi wichteg sinn eis Mënscherechter? Wéini sti mir fir eppes an? Hoffentlech net, wann et ze spéit ass.

D’Desfred kennenzeléiere wullt een op, seng Stäerkt huet mir nawell imponéiert, hatt ass e Virbild fir sou munch Fraen. An dat iwwer Generatiounen! Schliisslech ass d’Buch well e Klassiker, bal esou al ewéi ech.

Firwat gëtt de Mann a senger Positioun méi héich gestallt? Stinn d’Frae jeemools fir hir Rechter an? Och wann de Roman e Klassiker ass – d’Froe sinn nach ëmmer aktuell. Leider! Gëtt et net endlech Zäit fir en neien Ufank?

Ech hunn un de Blieder gepecht, d’Loft agehalen. Dacks wollt ech d’Protagoniste rëselen. Oder haart jäizen. Ewéi scho gesot, d’Illustratioune maachen een nach méi fäerdeg ewéi d’Wierder. Mir sinn d’Schudderen de Réck erofgelaf. An d’Tréinen an d’A geschoss.

Bravo. A Merde!

Opmaacherbild: © Jessica Mersch / Bichergeck


Dës Buchpresentatioun ass Deel vun eiser Aktiounswoch zum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter.

Ënnert dem Motto „New beginnings – En neien Ufank“ soll, duerch d’Literatur, den Enthusiasmus fir een Neistart lassgekiddelt ginn. Wou zu Lëtzebuerg eigentlech, iwwert eng ganz Woch verdeelt, déi verschiddenst Evenementer an Aktivitéiten zum Thema Buch a Literatur organiséiert ginn, huet een d’Aktiounsdeeg an den Internet verlagert. Online gëtt esou d’Fërderung vum Liesen an d’Verbreede vu Wëssen ervirgehuewen, fir esou op nei Fantasie-Zich opzesprangen.

Related topics berlin Verlag, Buchpresentatioun, Der Report der Magd, Dystopie, Graphic Novel, Margaret Atwood, Mënscherechter, New beginnings – En neien Ufank, Weltdag vum Buch an den Auteursrechter
Next post Previous post