Search

You may also like

Haus vum Horror: D‘Eltere vun de Kanner plädéieren „Net Schëlleg!“
Kultur Neiegkeeten

Haus vum Horror: D‘Eltere vun de Kanner plädéieren „Net Schëlleg!“

Déi a Kalifornien verhafte Koppel David a Louise Turpin, hunn

Amnesty International kritiséiert Europa wéinst Sklaverei a Libyen
Kultur Neiegkeeten

Amnesty International kritiséiert Europa wéinst Sklaverei a Libyen

Haut huet d‘Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International (AI) déi europäesch Regierunge beschëllegt, d‘Handlaanger

surprise
AstraZeneca: Däiwelswierk oder Iwwerdriwwe Panik?
Kultur Neiegkeeten

AstraZeneca: Däiwelswierk oder Iwwerdriwwe Panik?

Nodeems och den däitsche Paul Ehrlich Institut, déi däitsch Medikamentenagence,

Buchpresentatioun vu „Pepper-Man“

Buchpresentatioun vu „Pepper-Man“

Déi berühmt Autorin Cassandra Tipp ass spurlos verschwonnen. Zeréck bleift nëmmen en mysteriéist Manuskript, dat anscheinend en fuerchtbart Geheimnis verstoppt.

“Pepper-Man” vum Camilla Bruce (Droemer Knaur Verlag) ass e Grujelmäerchen, dat sech an der Realitéit an och an de Virstellunge vu de Lieser ofspillt.

Héngerhaut ass garantéiert! Ass d’Autorin wirklech verschwonnen oder sollt se e geckegt Spill spillen? Huet si de Fräidoud gewielt? Zouzetraue wär et der Exzentrikerin. Oder ass hier nei Heemecht eng Plaz, déi net vu jidderengem verstane gëtt?

Jiddefalls huet d’Cassandra der Famill en Testament hannerlooss, hatt erzielt déi ganz Geschicht. Seng Geschicht. Et geet ëm Feeën – a jo heiansdo dréit sech engem de Mo ëm.

D’Buch ass net nëmmen düster, de Lieser beschäftegt sech automatesch mam Trauma. Wat ass real? Wat Selbstschutz? Et ass ass villschichteg. Geet et vläicht och ëm Kannermëssbrauch a familiär Gewalt? Do kann e just spekuléieren. Gläichzäiteg entféiert d’Autorin eis an en magesch Welt, déi nawell geféierlech ass.

D’Autorin hëlt virun hirer Erzielung kee Blat virun de Mond, si schléit ass an hire Bann. Ass de Pepper-Man en onsiichtbare Frënd oder tatsächlech esou real ewéi d’Cassandra?

Op alle Fall ass e spannend Spill tëscht Fiktioun a Realitéit – eleng de Lieser versteet wéie Wee hien aschloe muss. Wéi eng Wourecht wäert e fannen? E reegt zum Nodenken un, ob e wëll oder net! Wann et gutt Säite ginn, ginn net dann och ofgronddéifer? Mat sengem 250 Säiten, léisst d’Autorin eis nawell un enger haarder Noss knaen.

Traut Dir Iech de Pepper-Man kennenzeléieren? Realitéit a Fiktioun, wat ass wann d’Grenzen verschwannen? Wien weess, wat eis erwaart …

Related topics Buchpresentatioun, Camilla Bruce, Fiktioun, Knaur, Pepper-Man, Roman, spurlos verschwonnen, Testament, Vergaangenheet
Next post Previous post