Search

You may also like

An esou séier kann et goen (kommentéiert)
Kultur Neiegkeeten

An esou séier kann et goen (kommentéiert)

Et si scho vill schlecht Gesetzer am Kontext vun der

Al Gesetzer déi ee reforméiere misst
Kultur Neiegkeeten

Al Gesetzer déi ee reforméiere misst

Am modifizéierte Gesetz vum 2 Januar 1889 betreffend d‘Beschlagnam vun

Risegen Erfolleg fir déi guidéiert Visitte vum Palais
Kultur Neiegkeeten

Risegen Erfolleg fir déi guidéiert Visitte vum Palais

E Besuch vun eisem groussherzogleche Palais, datt ass eppes dat

Buchtipp: „19 Minuten“ vum Jodie Picoult

Buchtipp: „19 Minuten“ vum Jodie Picoult

19 Minutte ginn duer fir Nuddelen ze kachen, eng waarm Bidden ze huelen oder e klenge Spadséiergank ze maachen. 19 Minutte kënnen eng ganz Welt veränneren. An dat fir ëmmer. D’Autorin Jodi Picoult beschreift dëst an hirem Buch androcksvoll.

De Peter, 17 Joer ass e Mobbingaffer a wëll kee méi sinn. Hien huet es genuch. Zanter sengem éischte Schouldag gëtt hie fäerdeg gemaach, zerklappt an erniddregt. Ma elo ass Schluss, hie wëll eppes änneren. Säi Suicide soll d’Léisung sinn, mee fir d’éischt wëll hien sou vill Schüler wéi méiglech mat an den Doud rappen. A sengem Fall ginn 19 Minutten duer fir 10 Teenager ëmzebréngen an 19 weider schwéier ze blesséieren. Ier nach méi Schlëmmes passéiert, gëtt de Peter vun engem Polizist gestoppt.

Leider stellt sech wärend dem Liesen d’Fro, ob een iwwerhaapt mat sou engem Mënsch Matleed däerf oder soll hunn … D’Autorin schreift nämlech esou sensibel a matfillend, datt engem sou richteg bewosst gëtt, wat Mobbing bei Kanner uriichte kann. An zu wat se da fäeg sinn. A Réckblende léiere mir de Peter besser kennen, mir erliewen seng Hoffnungslosegkeet hautno – an dat léisst kee kal. D’Gefiller gi mam Lieser duerch.

Eigentlech sollt dëst Buch eng Flichtlektür an de Schoule ginn, et suergt fir sou munche Gespréichsstoff a sensibiliséiert Affer wéi och Täter. Wien dëst Buch gelies huet, wäert mat aneren Aen duerch d’Schoule goen an de Kanner besser nolauschteren. Hoffentlech, well dat ka Liewe retten.

Buchdeckel: © PIPER Verlag

D‘Reaktioun réit senge Lieser, sech d‘Buch beim Libraire vum Vertrauen ze besuergen, iert zum Onlinehandel gegraff gëtt. Oder direkt beim Verlag bestellen: https://www.piper.de/

Related topics 19 Minutten, Buch, Jodie Picould, Liesen, Literatur, PIPER Verlag
Next post Previous post