Search

You may also like

Esch-Uelzecht: Päischtkiermes an Urbanismus hunn d‘Akzenter vum Gemengerot gesat
Kultur Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Päischtkiermes an Urbanismus hunn d‘Akzenter vum Gemengerot gesat

Et sollt um Freideg, mat enger klenger Ausnam, eng Gemengerotssëtzung

Buchpresentatioun vu „Whisper Network“
Kultur Neiegkeeten

Buchpresentatioun vu „Whisper Network“

D’Sloane, d’Ardie an d’Grace fäerte ganz, dass den Ames, bekannt

Ofrappaarbechten an der Stad (29.05.2021)
Kultur Neiegkeeten

Ofrappaarbechten an der Stad (29.05.2021)

Et gëtt opgerappt. Dofir wëll d’Stad Lëtzebuerg seng Bierger sou

„Bird Box“ vum Josh Malerman – E pakenden Endzäitthriller

„Bird Box“ vum Josh Malerman – E pakenden Endzäitthriller

Maacht d’Aen op – a scho sidd Dir dout. D’Protagonistin aus dem Josh Malerman sengem Roman „Bird Box“ triichtert senge Kanner dëst Dag fir Dag an. Et ass liewenswichteg. Souguer d’Fënstere mussen zou gehaange ginn, et däerf op kee Fall e Bléck eraus gewot ginn.

Dobausse laueren nämlech Kreaturen, déi d’Mënschen an den Dout dreiwen, soubal een se gesäit. An e bemol ännert sech alles fir d’Malorie – den Telefon schellt, eng friem Stëmm bitt him eng sécher Ënnerkonft un, mee dofir muss hätt e puer Meilen iwwert de Floss. Natierlech mat verbonnenen Aen …

Ma ass dat sécher? De Protagonisten hiert Verhalen ass an dëser Situatioun absolut nozevollzéien, et ass wichteg an esou engem Fall de leschte Fonke Mënschlechkeet net ze verléieren.

An der Hoffnung ob e bessert Liewe wot d’Malorie zesumme mat senge Kanner dëst Erliefnes. Oder kommen si dem Doud esou méi no? Et ass riskant, mee eigentlech hunn si näischt ze verléieren. D’Geschicht ass ongewéinlech a suergt fir e beklemmend Gefill an der Broscht.

Et ass scho bal onvirstellbar, wat d’Mamm vun zwee Kanner alles op sech muss huele fir hier Kanner ze schützen – a wann dat bedeit sech selwer an alles wat e kennt opzeginn.

De Schreifstil passt bei déi düster Atmosphär, d’Manéier wéi den Auteur d’Geschicht a Wierder faasst ass wonnerbar. Hien haucht hinne Liewen an a spillt gekonnt mat den Ängschte vun de Lieser. Wéi géinge mir wuel reagéieren? D’Virstellungskraaft beim Liese suergt definitiv fir eng schlecht Nuecht – a villäicht souguer fir en Albdram.

Dësen Endzäitthriller gouf vun Netflix verfilmt, d’Sandra Bullock spillt d’Roll vum Malorie. Dozou muss gesot sinn, datt och de Film gutt gelongen ass!

Related topics Bird Box, Buchpresentatioun, Dout, Endzäitthriller, Josh Malerman, Malorie, Roman, Sandra Bullock, Sécherheet, Spanung, verbonnen Aen
Next post Previous post