Search

You may also like

Brasilien: Den ieweschte Geriichtshaff géint Police-Asätz an den Universitéiten
Kultur Neiegkeeten

Brasilien: Den ieweschte Geriichtshaff géint Police-Asätz an den Universitéiten

Den ieweschte brasilianesche Geriichtshaff huet um Mëttwoch d‘Suspensioun vun de

Mord zu Amsterdam!
Kultur Neiegkeeten

Mord zu Amsterdam!

En Attentat? Nee en hannerlëschtege Mord. Den Affekot Derk Wiersum

MoPets – Eng informativ a geselleg Plattform fir Déierebesëtzer
Kultur Neiegkeeten

MoPets – Eng informativ a geselleg Plattform fir Déierebesëtzer

D’Plattform MoPets féiert d’Déierebesëtzer an eng Welt voll Déierebetreier, Fudder

Buchtipp: Vielleicht

Buchtipp: Vielleicht

Eigentlech hunn ech mengem Meedche vu fënnef Joer dëst Buch bestallt, hatt huet dacks Problemer mat den Zänn an ech wollt net, dass dat hatt stéiert. Schlussendlech hunn ech vill méi aus dësem klenge Buch geléiert – an dat wëll ech Iech net virenthalen.

Ass dëst wierklech just e Kannerbuch?

Villäicht – mä villäicht fillen sech och erwuesse Lieser ugesprach, déi de Wee aus den Ae verluer hunn, e weist engem déi richteg Richtung.

Et stäerkt d’Selbstbewosstsinn. D’Zeilen an d’Illustratiounen lueden zum Nodenken an, se beréieren.

All eenzelen vun eis ass besonnesch a wäertvoll – et ass egal wéi oder wat een ass. D’Welt brauch dech an deng Talenter, mat dësem Buch kann een de Message ouni grousst Getuddels weiderginn. Oder mir kënnen eis un eis Dreem erënneren an de Mutt opbréngen se ëmzesetzen. Ech fannen an hoffen, dass Elteren hire Kanner dës Aussoen mat op de Wee ginn. Oder Familljemember a Frënn vu Persounen, deenen d’Liewen batter matgespillt huet, well och en Erwuessenen brauch alt mol Réckhalt oder Bestätegung. Den Text kann eis mol Tréinen an d’Aen dreiwen, ma a mengem Artikel iwwert d’Kräischen hunn ech well erkläert firwat dat net schlëmm ass.

Et kann e sech d’Buch ukucken an driwwer diskutéieren, et eegent sech och perfekt als Äisbriecher …

Et geet ëm positiv Gedanken, Emotiounen an Andréck – a fir et ze verstoen, muss een net studéiert hunn. Et ass déifgrënneg. D’Illustratioune reegen zum Nodenken un, et stécht dach an eis all e klenge Philosoph, ma dëst Buch këddelt e wakereg. Léiert Iech kennen a loosst Iech vum Liewen an all senge Méiglechkeeten iwwerraschen.

Am Buch geet et ëm e Meedchen ( a säi Schwäin), wat erausfënnt, firwat hatt op der Welt ass – an dass hatt alles schaffe kann.

Den Text? Et si wéineg Wierder, mä se soen alles aus! A vie weess, villäicht stécht e bësse vun deem Meedchen an eis alleguerten. Den Titel vum Buch passt perfekt, tëscht de Buchdeckele fanne mir Äntwerten op Froen, déi mir eis schonn all gestallt hunn …

Zu gudder Lescht wëll ech nach dëst Zitat mat Iech deelen:

– Vielleicht bist du hier, um Licht an Orte zu bringen, die viel zu lange dunkel waren?

http://adrian-verlag.de/

Related topics Adrian Verlag, Bichergeck, Buchtipp, Vielleicht
Next post Previous post