Search

You may also like

Twitter huet d‘Reegele fir d‘Politiker preziséiert
Kultur Neiegkeeten

Twitter huet d‘Reegele fir d‘Politiker preziséiert

Den Onlinedéngscht Twitter huet gëschter an engem zimlech explizitte Communiqué

D’Rentrée an d’Gemengewahlen hunn d’Stad voll am Grëff
Kultur Neiegkeeten

D’Rentrée an d’Gemengewahlen hunn d’Stad voll am Grëff

Zuelen iwwer Zuelen: Mat 4.953 Kanner (477 am Precoce –

US-President schéckt weider Zaldoten an d‘Golfregioun
Kultur Neiegkeeten

US-President schéckt weider Zaldoten an d‘Golfregioun

De Konflikt, deen am Jemen d‘Äerzfeinden Iran a Saudiarabien géintenaner

Buchvirstellung: „Klima“ vum David Klass

Buchvirstellung: „Klima“ vum David Klass

D’Wierk „Klima“ vum David Klass ass vill méi wéi nëmmen en Klimathriller. Wéi mir (leider) wëssen, si mir Mënschen dofir verantwortlech, datt eis Heemecht, d’Äerd, lues awer sécher zerstéiert gëtt. Mir wëssen all, wat mir der Äerd undoen, allerdéngs ännere mir guer näischt un eisem Verhalen. Mir loossen et geschéien a kucken dobäi no. Nëmmen d’Wirtschaft zielt, d’Ëmwelt huet ganz schlecht Kaarten.

An dësem Roman aus dem Goldmann Verlag hëlt de Green Man, en Klimaaktivist d’Saach an d’Hand, ma leider wielt hien de falsche Wee. A senger Iwwerzeegung dat richtegt ze maachen, sprengt hien Ziler, déi eng Bedreeung fir d’Ëmwelt duerstellen. Doudesaffer si Kollateralschied.

Den FBI sicht den Terrorist schonn zënter Méint. All Ugrëff ass strategesch an op d’Minutt geplangt, et ginn vill Leit déi hien als Helde feieren. Den Tom Smith, een Datenanalyist bedeelegt sech un der Sich. Duerch seng gréng Iwwerzeegungen, kënnt hien dem Green Man sou no wéi keen aneren.

An dobäi muss de jonke Mann sech eng moralesch Fro stellen: Wat ass, wann dee Mann, deen hie fänke muss, deen eenzegen ass, de probéiert d’Welt ze retten?

Kann den Tom et mat dësem Géigner ophuelen? Zu wéi engem Präis?

De moraleschen Aspekt vun der Geschicht, zitt sech wéi e roude Fuedem duerch déi ganz Geschicht. Et ass e geschockt, iwwerrascht, rosen a faszinéiert.

Dëse spannenden Thriller, och wann et den typesche Gutt géint Béis-Kampf ass, stëmmt nawell nodenklech.

Related topics Buchpresentatioun, Buchvirstellung, David Klass, Deine Zeit läuft ab, Klima, Klimaaktivist, Literatur, Thriller, Verlag Goldmann
Next post Previous post