Search

You may also like

CSV: dynamesch Ënnerstëtzung am internationale Beräich
Neiegkeeten

CSV: dynamesch Ënnerstëtzung am internationale Beräich

Um Mëttwoch Owend ass eng nei Presidentin fir déi international

Lëtzebuerg beweist Humanitéit
Neiegkeeten

Lëtzebuerg beweist Humanitéit

Wärend sech an der EU vill Länner „schwéier sinn“ iwwerhaapt

Verbuet vun all Droneflich iwwer dem Stade Josy Barthel den 17. November 2020
Neiegkeeten

Verbuet vun all Droneflich iwwer dem Stade Josy Barthel den 17. November 2020

Am Kader vum Futtballsmatch tëschent den Nationalekippen vu Lëtzebuerg an

Budapest: Cargolux als beschte Loftfrachtgesellschaft ausgezeechent

Budapest: Cargolux als beschte Loftfrachtgesellschaft ausgezeechent

Virun ee puer Deeg ass d‘Cargolux vun den Autoritéite vum Fluchhafe Budapest zu beschter Loftfrachtgesellschaft ausgezeechent ginn. Besonnesch ervirgehuewe gi sinn d‘Performance vu der Cargolux, déi ee grousse Bäitrag zum Rekordjoer vum Fluchhafe Budapest geleescht huet.

Et ass dann och mat Begeeschterung, wou de Cargolux Regionaldirekter fir Zentraleuropa, Tony McNichol, dëse Präis iwwerholl huet: „Mir si geéiert an houfreg dëse Präis ze erhalen. (…) Et ass eng grouss Unerkennung fir eis Efforten der ungarescher Fracht-Communautéit dee bescht méigleche Service unzebidden“.

Budapest

(v.l.n.r.) Jost Lammers, CEO Budapest Airport; Anthony McNichol, Cargolux Regionaldirekter Zentraleuropa an Tierkei; René Droese, Direkter Property & Cargo Budapest Airport. © Budapest Airport Authority

An dat kënnt dann och net vun ongeféier: 2017 huet d‘Cargolux eng 11.000 Tonne Fracht vun an op Budapest gefouert. Dat ass en Zouwuess vu 14,5% géintiwwer 2016. Als Kiischt um Kuch, behaapt sech d‘Cargolux esou och als dee gréisste Fracht-Provider um Fluchhafe Budapest. Eng luewenswäert Leeschtung fir d‘Cargolux an eng flott Visittekaart fir Lëtzebuerg.

Dëse Präis ass am Zesummenhang mat engem Rekord fir de Fluchhafe Budapest iwwerreecht ginn. De Fluchhafe konnt 2017 d‘Mark vun 13 Millioune Passagéier knacken, a wollt an dësem Kontext senge wäertvolle Partner Merci soen, déi och weiderhin eng signifikativ Roll an der Entwécklung vun der ziviller Loftfaart vun Ungarn wäerte spillen.

Cargolux bréngt d‘Blumme fir Valentinsdag

De Valentinsdag ass fir d‘Pilote vun der Cargolux ee ganz wichtegen. Et ass deen Dag am Joer wou se nach eng Grëtz méi Verantwortung droen. Ëmmerhi liwweren se op deem Dag eng ganz besonnesch Fracht aus: Millioune Blummen aus Afrika a Südamerika mussen zäiteg op hiren Destinatiounen ukommen.

Esou huet d‘Cargolux, nieft sengen 20 reguläre Flich aus Nairobi, Quito a Bogota, nach emol 1.200 Tonne Kapassitéit fräigesat, fir der Demande vum Marché, an domatter ganz besonnesch alle „Lovbirds“ vun dëser Welt den Zougang zum „obligate Strauss Blummen“, ouni deen e Valentinsdag jo och nëmmen een Dag wéi all anere wier, ze erméiglechen.

Budapest

D‘Schnëttblummen, zolidd a sécher op enger Fligerpalett verpaakt, op hirem Wee zu all de Mënschen déi op Valentinsdag hire léifste mat engem Bouquet Blumme wëlle begéinen. © Cargolux Airlines Intl.

An dësem Kontext ass et dann och wichteg emol drop hinzeweisen, datt all déi Schnëttblummen, bannent 48 Stonnen op hiren Destinatioune mussen ukommen. Dat heescht datt et scho bei de Produzenten héich hir geet, mee d‘Verantwortung datt och alles gutt ukënnt och op d‘Schëllere vun de Cargolux-Mataarbechter läit.

Do ass et dann och fir d‘Cliente vun der Cargolux gutt ze wëssen, datt si op e Partner mat Erfarung kënnen zielen. Fir näischt dem Zoufall ze iwwerloossen, kommen dann déi sougenannten „Thermo-Decken“ zum Asaz, déi dës ganz Sensibel Fracht schützt. Cargolux: Qualitéit „made in Luxembourg“.

Foto: © Simone Providi/Cargolux Airlines Intl.

Next post Previous post