Search

You may also like

Editorial: Burka, Kachkéis a Leitkultur
Neiegkeeten

Editorial: Burka, Kachkéis a Leitkultur

Verschidde Politiker äusseren sech nawell gären zum Thema ‘Leitkultur’. An

money
Esou lues awer sécher gi se ongedëlleg
Neiegkeeten

Esou lues awer sécher gi se ongedëlleg

Engem ganze Secteur opzëerleeën seng Aktivitéiten op den allerstriktste Minimum

De Lëtzebuerger Staat muss sech schëlleg weisen
Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Staat muss sech schëlleg weisen

Am November 2020 hu 6 Jonker aus Portugal eng Plainte

Budget 2019: Keng Steiererliichterunge fir d‘Konsumenten!

Budget 2019: Keng Steiererliichterunge fir d‘Konsumenten!

No der Presentatioun vum Budget, dëse 5. Mäerz, muss festgestallt ginn, datt nëmme wéineg Steiererliichterunge bei der TVA virgesi sinn. Vir allem sinn et d‘Automobilisten, déi mat enger zousätzlecher Erhéijung vun den Accisen op Bensin an Diesel gebeidelt ginn. Déi si mëttlerweil zur Mëllechkou vun der Natioun erugewuess.

De Konsumenteschutz (ULC) ass iwwert déi därzäiteg Präisentwécklung besuergt, well während den éischten zwee Méint vun dësem Joer, huet sech d‘Präisentwécklung an de verschiddene Beräicher spierbar no uewe beweegt.

E puer rezent Beispiller bestätegen dësen Trend, wéi zum Beispill d‘Stroum- an d‘Gaspräisser, d‘Bankfraisen, d‘Timbere, mee och déi duerchschnëttlech Präiserhéijung vu 40% bei der SNCT, oder d‘Taxistariffer an elo eben och d‘Accisen. Et dierf ee sech dann och sécher sinn, datt et mat dëser Präisentwécklung net gedoen ass.

D‘ULC gëtt ze bedenken, datt et virun allem déi Leit mat klengem a mëttlerem Akommes trëfft, d‘Rentner an Elengerzéier am meeschte vun dëse Präiserhéijunge betraff sinn. Wéi eng rezent Etüd beweist, hunn iwwer 25% vun de Bierger Schwieregkeete mat hirem Akommes iwwert d‘Ronnen ze kommen.

Och wann et elo zu enger Erhéijung vum Mindestloun vun 100 Euro kënnt, geet sat bei wäitem net duer fir zu Lëtzebuerg en dezent Liewen ze féieren, esou wéi um sozialen a kulturelle Liewen deel huelen ze kënnen. Aus enger weiderer Etüd geet ervir, datt fir „uerdentlech“ ze Liewen, e Mënsch zu Lëtzebuerg misst 4.000 Euro verdéngen.

Bei allem Protest, stellt d‘ULC ëmmer nees fest, datt duerch d‘Liberaliséierungsmoossnamen an der sougenannter „Konkurrenz“ et bis ewell kaum zu Präisreduktioune komm ass. Et ass villméi esou, datt sech d‘Präisspiral an déi aner Richtung beweegt huet. Et muss ee sech nëmmen d‘Tariffer bei den Taxien an op der Kontrollstatioun ukucken.

Esou ass och d‘Präisentwécklung bei de Pëtrolsproduiten e weideren Onsécherheetsfacteur, wou et an de nächste Méint kann zu Verdeierunge komme kann. D‘ULC bedauert datt dës negativ Entwécklung vun der Kafkraaft fir d‘Menagen net zu positiver Lag vun der Konjunktur passt. Un dëse Feststellungen ännert och dee vum Finanzminister virgestallte Budget näischt.

Dofir fuerdert de Konsumenteschutz zousätzlech Steiererliichterungen, respektiv eng Upassung vun der Steiertabell un d‘Inflatioun fir d‘Menagen, esou wéi d‘Reprise vun der 1981 ofgeschaafter „Virschoss-Indextranche“. Dës Moossname géifen an éischter Linn de Mënsche mat klengem oder mëttlerem Akommes entgéint kommen.

An dësem Zesummenhang erënnert d‘ULC un hir Petitiounscampagne, géint déi horrend a virun allem onsozial Bankfraisen. Dës Petitioun kann een online iwwert de Site vun der Chamber oder um Sëtz vun der ULC um Houwald ënnerschreiwen. De Konsumenteschutz wäert dëse Mount dann och nach op ville Plazen uechtert Land e Stand opstellen, wou ee säi Krop direkt maache kann.

Esou déi nächst Woch: 13. Mäerz an der Groussgaass, 17. Mäerz um Glacismaart um Lampertsbierg an den 23. Mäerz um Maart um Knuedler. Nieft der Petitioun kann ee sech als Member androen, an och soss Froe lass ginn, déi engem grad um Häerz leien. D‘Rechter vun de Konsumente sinn och Mënscherechter, dat sollt een net vergiessen.

matgedeelt vum Konsumenteschutz (ULC), aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Budget 2019, Indextranche, Konsumenteschutz, Steiererliichterung, ULC
Next post Previous post