Salariatskummer fustigéiert de Budget 2022

An der Budgetskommissioun wäert d‘Freed grouss sinn, wann hinnen déi 113 Säiten „Avis“ zum Staatsbudget 2022 (parlamentareschen Dossier 7878 a 7879) virgeluecht ginn. Woubäi jo hei déi grouss Fraktiounen sech vun hire Juristen an Analysten, d‘Conclusioun wäerten zoubereede loossen. Ass schliisslech nëmmen en Avis…

Fir den Dan Biancalana (LSAP), Buergermeeschter vun Diddeleng, Deputéierten a Rapporter vum Budget schéngt et ëm eppes méi wéi just d‘Presentatioun vun Zuelen ze goen. De Sozialist, dee jo grouss Stécker op d‘Presidentin vum OGBL Nora Back hält, wäert sech wuel als eenzegen ënnert de Vertrieder vun de Majoritéitsparteien, mat Begeeschterung dem Avis vun der CSL unhuelen.

An wann een den Avis vun der Salariatskummer esou liest, gëtt ersiichtlech, datt déi liberal Politik vun der Demokratescher Partei an den déi gréng, richtungsweisend war. Woubäi d‘Sozialisten sech net wierklech erausriede kënnen. Jiddefalls sinn se bei der CSL elo awer schonn eppes Verwonnert, dat d‘Energiekris (gemengt ass d‘Hausse vun de Präisser) net emol am Usaz berécksiichtegt gëtt.

Firwat och, et betrëfft jo just eng Minoritéit vu Menage ma klengem Akommes a fir déi huet et de gratis ëffentlechen Transport an eng kleng Hausse (+200 Euro) beim Gromperegeld. Zudeem huet ee Klimaziler déi agehale musse ginn. Datt dat mat der Steierreform wéinst Covid19 net geklappt huet ass wuel och keng gutt Ausgangslag. Wéi gesot, 113 Säiten Avis… dat nennt ee gutt geschafft.

Dernières nouvelles