Search

You may also like

OPGEPASST: Frühlingsrullen vu “Spring Home” enthale Mëllech!
Neiegkeeten

OPGEPASST: Frühlingsrullen vu “Spring Home” enthale Mëllech!

Wéi d’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet elo matgedeelt hunn, enthalen

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf
Neiegkeeten

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf

US-Milliardären dinn sech mat ethesche Grondlage schwéier a wier de

Scooter a Bedrängness
Neiegkeeten

Scooter a Bedrängness

Do denks de der näischt Schlechtes, an dann trëfft dech

Buergbrennen dierfe stattfannen!

Buergbrennen dierfe stattfannen!

De Gesondheetsministère huet ee Samschdeg matgedeelt, datt dat traditionellt Buergbrennen, dat jo bekanntlech eng Woch no der Fuesent, also elo den 20. an 21. Februar, stattfënnt, zoulässeg ass, dat ënnert der Konditioun, datt all déi geltend sanitär Mesure strikt agehale ginn.

Fir d‘Risiken, déi mat der Verbreedung vum Covid19 zesummenhänken, anzegrenzen, ass et wichteg sech och weiderhin un d‘Gest Barrière ze halen. D‘Versammlunge sinn op honnert Leit – d‘Kanner egal wéi grouss an al gi matgezielt – begrenzt. All Rassemblement, bei deem méi wéi véier Leit zesummekommen, muss eng Mask gedroen an en Ofstand vun 2 Meter agehale ginn.

Vir Rassemblementer vun enger Persounenunzuel tëscht 11 an 100 Persounen. Muss nieft der Mask an dem Ofstand, och fir eng entspriechend Zuel vu Sëtzméiglechkeete gesuergt ginn. Et ass och verbueden Iessen oder Gedrénks op der Plaz ze verkafen/kafen/konsuméieren. Allgemeng gëtt de Leit geroden hir Deplacementer an hir Kontakter anzeschränken. Kuerz: bleift w.e.g. doheem.

Illustratioun: eendeckel / pixabay

Related topics Buergbrennen, Covid19-Gesetz, Gesondheetsministère, Gest Barrière, Traditioun
Next post Previous post