Search

You may also like

Déi grouss Nofro huet de Pilotprojet vum medezinesche Cannabis méiglech gemaach
Kultur Neiegkeeten

Déi grouss Nofro huet de Pilotprojet vum medezinesche Cannabis méiglech gemaach

Wann deen een oder anere vum Premierminister Xavier Bettel senger

surprise
De leschten Cochonnet vun der Saison um Escher Gaalgebierg
Kultur Neiegkeeten

De leschten Cochonnet vun der Saison um Escher Gaalgebierg

D’Sonn schéngt um Escher Gaalgebierg. Meteorologesch gesi steet dem leschte Championnatsmatch vun

Lëtzebuerger Impfstrategie: D’Phas 5 fänkt un
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Impfstrategie: D’Phas 5 fänkt un

Am Kader vun der Lëtzebuerger Impfstrategie wäerten an dëser Woch

Buergbrennen: Esou gëtt de Wanter verdriwwen!

Buergbrennen: Esou gëtt de Wanter verdriwwen!

E Sonndeg gëtt nees Feier geluecht. Mee keng Angscht, um Buergsonndeg gëtt natierlech just ee Kräiz ugefaangen – esou wëll et eis Traditioun. Heivir gëtt et allerdéngs verschidde Richtlinnen, déi ee befollege sollt fir de Sonndeg Owend ouni Suergen ze verbréngen.

D’Ëmweltverwaltung an de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung erënneren nach emol drun, datt bei dësem kulturellen Evenement just natierlecht Holz verbrannt dierf ginn. An dësem Fall trëfft d’Gesetz vum 21. Mäerz 2012 zum Offall net zou.

An dësem Kader gëtt och matgedeelt, datt d’Verbrenne vun Offall, traitéiertem Holz, Miwwelen oder chemesch traitéierten Holzpaletten net erlaabt ass. Fir d’Buergbrennen eegent sech am beschten dréchent Holz. Et brennt immens gutt a stéisst net esou vill Schuedstoffer aus. Heibäi gëtt awer ofgeroden, d’Feier mat Bensin oder anere kënschtleche Stoffer unzefänken.

Als kleng Virfree op e Sonndeg kann ee sech schonn emol am viraus d’Buergbrennen 2018 zu Cruchten ukucken.

Ee klenge Réckbléck

D’Buergbrennen, och Faaschtefest genannt, ass eng Traditioun aus dem heednesche Beräich. All Joer am Fréijoer, fir genau ze sinn um éischte Sonndeg no der Fuesent, gëtt mam Feier de Wanter verdriwwen. Heibäi soll d’Hëtzt d’Keelt besigen an d’Liicht d’Donkelheet bekämpfen. D’Wuert „Buerg“ huet – esou Sproochewëssenschaftler – awer näischt mat enger mëttelalterlecher Festung ze dinn, mee et kënnt vu „burere“, ee laténgescht Verb fir „brennen“.

buergbrennen

© Martine de Lagardère/moien.lu

D’Evenement fänkt normalerweis Sonndes Nomëttes un, andeems d’Buerg opgeriicht gëtt. Uschléissend ginn d’Leit mat engem Fakelzuch bis bei d’Kräiz, wat dann – soubal et däischter gëtt – ugefaange gëtt. A verschidde Gemenge wëll et de Brauch, datt déi zu lescht bestuete Koppel oder eng lokal Perséinlechkeet d’Feier ufänken dierf. Mat Gegrills, Ierzebulli a Bouneschlupp, kombinéiert mat enger Taass Glühwäi kann een den Owend ofklénge loossen.

Related topics Buergbrennen, Ëmweltministère, Fréijoer, Lëtzebuerg, Traditioun, Wanter
Next post Previous post