Search

You may also like

SUZANNE VEGA den 2. Mäerz 2022 am Trifolion
Neiegkeeten

SUZANNE VEGA den 2. Mäerz 2022 am Trifolion

D’Suzanne Vega sollt eigentlech d’Verëffentlechung vu sengem Live-Album An Evening

NATO setzt eisen Ausseminister ënner Drock
Neiegkeeten

NATO setzt eisen Ausseminister ënner Drock

Zu Bréissel huet den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg engersäits mussen op

Depenalisatioun vun der Homosexualitéit an Indien
Neiegkeeten

Depenalisatioun vun der Homosexualitéit an Indien

Et hätt ee kënne mengen, si wieren direkt aus engem

Vincent Reding: Buergermeeschter vu Weiler-la-Tour

Jonk, dynamesch an erfollegräich – dëse Gemengepapp ass grad emol 25 Joer jonk

Vincent Reding: Buergermeeschter vu Weiler-la-Tour

Nodeems d‘Cécile Hemmen (LSAP) Enn Oktober d‘Handduch geworf hat – si war vum Wieler bei de Chamberwahlen net gutt behandelt ginn – a well si net wollt de Géigestand vun enger endloser Polemik sinn, huet si et virgezunn sech ëm hir Gesondheet ze këmmeren. Domatter war de Wee fräi vir déi politesch Erneierung zu Weiler-la-Tour mat zwee Hänn unzepaken.

En Donneschdeg ass den neie Buergermeeschter – a seng zwee Schäffen – vun der Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) vereedegt ginn. An dësem Kontext huet de geléierte Kriminolog vu grad emol 25 Joer festgestallt: „Ech wëll et all deene beweisen, déi der Usiicht sinn, datt een als jonke Mënsch keng Politik maache kann“. Hei sollt een awer bedenken, datt de jonke CSV-Politiker bei de Gemengewahlen, déi meeschte Stëmmen erhalen hat, hien also d‘Vertraue vun de Bierger huet.

An de Vincent Reding profitéiert dann och vun der Geleeënheet fir drop hinzeweisen, datt hie mam Cécile Hemmen ni e Problem hat. An esou enger klenger Gemeng, wou een zu néng Leit fir d‘Wuel vun den Awunner zoustänneg ass, spille politesch Zougehéieregkeeten net wierklech en Roll. Et geet drëms „zesummen“ déi bescht méiglech Aarbecht ze maachen, an dat kann engem nëmmen da geléngen, wann een déi selwecht Ziler verfollegt. An d‘Zesummenaarbecht wier dann och eng gutt.

Vill Verantwortung fir dës jonk Schëlleren

Zu Weiler-la-Tour gëtt elo also en neit Kapitel opgeschloen, an un Erausfuerderungen dierft et dem Vincent Reding net feelen. Gutt datt de neie Buergermeeschter scho vu Kandheet un politesch interesséiert ass, an et him och net un Ambitioune feelt. De Gemengerot – an deem d‘Cécile Hemmen nach ëmmer als Conseillère siegéiert – huet hie jo awer eestëmmeg als Gemengepapp designéiert, an him esou d‘Vertrauen ausgeschwat. Hien huet domatter d‘Ficellen an der Hand.

A langweileg ass déi nei Positioun net. Esou muss nächste Mëttwoch de Budget 2019 gestëmmt ginn, an och den Ausbau vun der Primärschoul steet zum Vott. Dat fir déi Projeten ze ernimmen déi nach an dësem Joer mussen erleedegt ginn. Am Januar heescht et dann sech der Gestioun vu Héichwaasser unzehuelen. Hie muss dat elo awer net alles eleng bewältegen. Un senger Säit stinn d‘Andrée Colas an de Bob Wagner (och 25 Joer jonk an e Jugendfrënd vum Buergermeeschter).

Dës „nei“ Equipp kann also lassleeën. Et dierf een zouversiichtlech sinn, datt si zesumme mam Gemengerot déi richteg Entscheedungen treffe wäerten, woubäi d‘Awunner vu Weiler-la-Tour de „Spunten“ schonn eppes méi genee op d‘Fangere wäerte kucken…

Foto: (v.l.n.r.) Bob Wagner (Schäffen), Andrée Colas (Schäffin), Vincent Reding (Buergermeeschter) an Taina Bofferding (Inneministesch). © MINT

Related topics Andrée Colas, Bob Wagner, Cécile Hemmen, Taina Bofferding, Vincent Reding, Weiler-la-Tour
Next post Previous post