Search

You may also like

Mat de Krapperten an den Zirkus
International Neiegkeeten

Mat de Krapperten an den Zirkus

Wat eng Freed, an dat direkt fir: déi ganz jonk,

Pakistan späert dausende Internetsäiten wéinst Gotteslästerung
International Neiegkeeten

Pakistan späert dausende Internetsäiten wéinst Gotteslästerung

Laut Indymedia Informatiounen ergräift d‘Administratioun fir Telekommunikatioun a Pakistan (PTA)

D‘Regierung wëll ee Méindeg nach emol de Punkt maachen
International Neiegkeeten

D‘Regierung wëll ee Méindeg nach emol de Punkt maachen

Well de Premierminister Xavier Bettel dann elo awer (zum Gléck)

Buergermeeschtesch vu Washington setzt Akzenter

Zanter gëschter gëtt et direkt virum Wäissen Haus eng „Black Lives Matter“ Plaz

Buergermeeschtesch vu Washington setzt Akzenter

Via Twitter huet d‘Buergermeeschtesch vu Washington D.C., d‘Muriel Bowser, verkënnt, datt d‘Sektioun vun der 16. Strooss (Kräizung mat der H-Street) elo offiziell „Black Lives Matter Plaza“ heescht. Am kuerze Clip gesäit een ee Mataarbechter vun der Stad, deen dat entspriechend Schëlt befestegt.

Washington

Zudeem huet d‘Buergermeeschtesch op der 16. Strooss mat gieler Faarf de Slogan „Black Lives Matter“ pinsele gedoen. Dat dierft dem Locataire vum Wäissen Haus net gefalen, an dat soll et wuel och net. Deen hat um Méindegowend déi friddlech Demonstratioun manu militari opléise gelooss, fir sech ee Fotoschooting virun der St. Johns Church ze vergënnen. Et ass jo awer Wahlkampf…

Washington

„Hien huet Tweets an verstoppt sech aus Angscht hannert engem Zonk. Si huet Faarf a steet mat de Mënschen op enger Plaz. Ech stinn hir Bäi, wëll Black Lives Matter!“ © John J. Falcicchio (via Twitter)

De Chef vun der Buergermeeschtesch hirem „Etat-Major“ huet via Twitter erkläert, datt et an dëser Woch Sträit doriwwer ginn hätt, wiem dës Strooss géif gehéieren. Mat dëser Aktioun huet d‘Muriel Bowser wëlle kloerstellen, datt et der Stad hir Strooss ass, an et hei och drëms goe géif, d‘Éier vun deenen ze verdeedegen, déi um Méindegowend friddlech virum Wäissen Haus demonstréiert hunn.

WashingtonDen Donald Trump huet sengersäits nach emol de Versuch gewot, den Dout vum George Floyd ze verurteelen an d‘Recht op friddleche Protest ze verdeedegen. Ee Saz aus engem längere Statement awer huet den US-President nees verroden:

„Hoffentlech kuckt den George elo op eis erof a seet sech, datt et eng grouss Saach ass déi eisem Land geschitt. Et ass ee groussen Dag hien, et ass ee groussen Dag fir jiddereen“

Richteg, hien huet och en Appell un d‘Police am ganze Land geriicht, all d‘Bierger an den USA gläich ze behandelen, onofhängeg vun hirer Hautfaarf. Eng kloer Stellungnam géint de Rassismus war dat net, an d‘Opfuerderung un d‘Gouverneuren dach endlech d‘Nationalgard anzesetzen, fir d‘Stroossen ze beherrschen, deit elo och net wierklech drop hinn dat hien d‘Lag verstanen huet.

WashingtonAn esou ginn an den USA – wéi mëttlerweil op bal der ganzer Welt – weiderhin dausende Mënsche protestéieren. Fir en Enn vun de Police-Iwwergrëff an dem Rassismus ze fuerderen. Eng Gewalt déi och wärend den Demonstratioune weiderhi stattfënnt, a massiv dokumentéiert ginn.

mat indymedia/was

Foto: © John J. Falcicchio (via Twitter)

Related topics Black Lives Matter, George Floyd, John J. Falcichio, Muriel Bowser, Washington D.C.
Next post Previous post