Search

You may also like

A Katalounien hunn se sech nees fir d‘Onofhängegkeet entscheet
Kultur Neiegkeeten Stories

A Katalounien hunn se sech nees fir d‘Onofhängegkeet entscheet

Um Donneschdeg waren d‘Katalanen zur Wal opgefuerdert ginn. D‘Resultat dierft

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren
Kultur Neiegkeeten Stories

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren

432 Deputéiert hunn am House of Commons, géint dee vum

Endlech Summervakanz!
Kultur Neiegkeeten Stories

Endlech Summervakanz!

Haut fänkt offiziell d’Summervakanz un. Vill Eltere froen sech, wéi

Buergruin zu Diddeleng: Eng Aventure an d’Vergaangenheet

Fir Frënn vun der Geschicht, der Natur an engem spannenden Erliefnis dobaussen sollt den Diddelenger Johannesbierg genee dat Richtegt sinn. Gebuede gëtt hei net nëmmen eng super Vue vum Aussiichtstuerm aus, mee och eng Rees an d’Mëttelalter, mat esou munche Geschichten iwwert déi fréier Buerg a seng Bewunner.

Op der Sich, wat een fréiere Studiefrënn zu Lëtzebuerg kéint am Minett weisen, sinn ech op dës Buergruin gestouss. Verbënnt een de Süde vum Land oft mat der Stolindustrie, esou sollt dës Visitt emol eppes aneres ginn, e klengen Ausfluch dee sech och fir mech als Lëtzebuergerin als Spannend erweise sollt.

Buerg zu Diddeleng
© Shari Pleimelding / moien.lu

Nodeems den Auto um Parking vum Bëschkierfecht placéiert war, goung et e puer honnert Meter duerch den idyllesche Bësch erop op den Hiwwel. Verschidde Schëlter, Weekräizer an d’Figur vun engem Ritter hunn drop higewisen, datt eis uewen eng Kierch an eng Buerg erwaarde sollt. Ma, als éischt hu mir awer de këschtegen Aussiichtstuerm mat rouden Trapen a Gelänneren erbléckt.

Dësen Tuerm ass vum 1. mee bis den 30. September inclus op. Op der leschter Etage ukomm bitt sech eng super Aussicht op d’Buergruin, de Bësch an d’Ëmgéigend. Alles tipp topp, bis op de Fakt, datt esou munsch Visiteuren et wuel net gepackt hunn, hiren Offall an der Poubelle ze entsuergen. Besonnesch op d’Schierbelen um Buedem sollt een oppassen.

Buerg zu Diddeleng
© Shari Pleimelding / moien.lu

Wärend op der enger Säit d’Kapell, déi dem Johannes dem Täufer gewidmet ass an am Mëttelalter als Porkierch gedéngt soll hunn, ganz roueg viru sech hin schléift, befënnt sech op der anerer Säit déi fréier Buerg, déi net zoufälleg um Johannesbierg gebaut ginn ass.

Op enger Héicht vun 411 Meter, sou wéi an direkter Proximitéit zum Zolwerknapp, gouf hei e strategesche Standpunkt gewielt. Och d’Fragmenter vun de Réimer aus der Spéider Antick, déi hei fonnt gi sinn, weisen op eng militäresch Wichtegkeet hin. Zuelräich Ugrëff huet d’Buerg an hir Bewunner erlieft, wouropshin d’Befestegung och oft ëmgebaut an ugepasst ginn ass.

Genee Detailer dozou, wéi d’Buerg emol soll ausgesinn hunn, gëtt et net. Op den informative Panneauen, déi d’Geschicht erklären, ass allerdéngs ee Rekonstruktiounsvirschlag ze fannen, sou datt ee sech de Site besser virstelle kann.

Buerg zu Diddeleng
© Shari Pleimelding / moien.lu

Dobäi ass d’Geschicht vun dëser Buerg zimlech detailléiert dokumentéiert. Als eelsten Indice op eng eegen Herrschaft zu Diddeleng gëllt d’Ernimmung vum Hugo von Dudelinga, deen am Joer 1210 an engem Schrëftstéck opgedaucht ass. Vun 1248 bis 1430 huet d’Famill Gymnich an der Buerg gehaust, duerno waren et d’Bolchen, déi vun 1435 bis 1466 hei gewunnt hunn. D’Famill Hunolstein soll vu 1466 bis 1494 um Johannesbierg gewiescht sinn, an uschléissend bis 1553 d’Famill Isenburg.

Déi grouss Zerstéierung huet d’Buerg duerch eng Attack vun de Fransousen erlieft. Kuerz drop – mir schreiwen d’Joer 1552 – ass den Heinrich von Insenburg gestuerwen. D’Herrschaft soll wuel nach bis 1794 gedauert hunn, mee dem Heng säin Nofolger wollt dësen Uert net méi bewunnen.

Buerg zu Diddeleng
© Shari Pleimelding / moien.lu

Zënter 1938 steet d’Buerg ënnert Denkmalschutz. D’Amis de l’Histoire hunn an de 70er Joren mat den Ausgruewungen ugefaangen, a wärenddeem och verschidde Beräicher nees opgebaut.

Ma, och fir Famille mat Kanner kann d’Visitt vun der Buerg zu engem ganz besonneschen Erliefnis ginn! Esou verleeft de sougenannte „Lauschter-Wanderwee Butschebuerg“ iwwert de Johannesbierg. Déi zuelräich Statiounen si mat QR Coden dekoréiert, déi wonnerbar Geschichten a verschidde Sproochen erzielen.

Buerg zu Diddeleng
© Shari Pleimelding / moien.lu

A wien een aktiven Dagesausfluch plangt, dee kann den CFL-Rondwee vu 14,5 km goen. Den Trëppeltour, dee vun zuelräichen Steigungen gepräägt ass, verleeft laanscht d’Buergruin. Dobäi sollt een awer net verpassen, bis op d’Kopp vum Hiwwel ofzebéien, an do souguer eventuell e Picknick ze genéissen.

Uewe fannt Dir eng kleng Billergalerie © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics #VakanzDoheem, Amis de l'Histoire, Aussiichtstuerm, Buergruin, Diddeleng, Johannes der Täufer, Johannesbierg, Kapell, Minett, Mont St Jean, Visitt
Next post Previous post