Search

You may also like

Wann trotz Walen net iwwerall gewielt gëtt
International Neiegkeeten

Wann trotz Walen net iwwerall gewielt gëtt

D‘Flemm mat der Politik hunn, esou kéint ee mengen, net

US-Medie behaapten den Iran hätt wëllen e briteschen Tanker kaperen
International Neiegkeeten

US-Medie behaapten den Iran hätt wëllen e briteschen Tanker kaperen

Esouwuel dem US-President säin Haussender Fox-News wéi och CNN hu

100 Kilometer propper Baachen: Um 28. Mäerz gëtt gebotzt!
International Neiegkeeten

100 Kilometer propper Baachen: Um 28. Mäerz gëtt gebotzt!

Um Samschdeg, den 28. Mäerz 2020 steet déi grouss Botz

Bundesregierung stëmmt Eckpunkte vum Klimaschutzpak zou

De Programm gëtt trotz allem kritiséiert firwat Ëmweltministesch Ännerungsvirschléi zouléisst

Bundesregierung stëmmt Eckpunkte vum Klimaschutzpak zou

Leschte Freideg war de Klimaschutzprogramm virgestallt ginn, an d‘Eckpunkte vun dësem Pabeier hu gëschter d‘Zoustëmmung vun der Bundesregierung erhalen. An dësem Klimaschutzpak sinn déi Moossnamen opgelëscht, mat deenen Däitschland „seng“ Klimaziler bis 2030 erreeche wëll. 54 Milliarden Euro dierf et kaschten, während d‘Oppositioun, Ëmweltverbänn a Patronat kritiséieren.

D‘Ëmweltministesch Svenja Schulze wier net géint Virschléi säitens dem Bundesrat, huet awer nees de Plang vun der Bundesregierung verdeedegt. Deen hätt – wéi esou villes op dëser Welt – sécher kënne méi komplett sinn, woubäi jo awer schonn zolidd Fortschrëtter enthale sinn. Interessant zum Beispill déi nei Verbindlechkeet hisichtlech den Ziler déi sech déi grouss Koalitioun gesat huet.

Fir de Finanzminister Olaf Scholz gëtt mat dësem Klimaschutzpak de Fuerderunge Rechnung gedroen, déi am Virfeld gestallt goufen. Esou wiere bis 2023 Investitioune vun iwwer 54 Milliarde virgesinn. Bis 2030 héichgerechent, sollt een hei vum eng Betrag iwwert 150 Milliarden Euro ausgoen. Kléngt gutt, geet awer wéi et ze erwaarde war, ville Kregéiler nees net wäit genuch.

Geféierlech Argumentatioun

Wann et sécherlech richteg ass, datt een och dee schéinste Klimapak ëmmer nach verbessere kann, esou ass et net manner richteg, datt Politik eege Gesetzer huet, an ee fir d‘éischt „sech“ wëll an Zeen setzen, iert een engem Programm eppes Positives an der Ëffentlechkeet kann ofgewannen. A genee dat maachen déi „die Grünen“, wéi et den Anton Hofreiter nees enger Zeitung erzielt huet.

Hie fuerdert vun der Bundesregierung net manner, wéi d‘Virlag vun engem „echte“ Klimaschutzpak deen der Gréisst vun der Erausfuerderung gerecht sollt ginn. Géifen si zu Berlin dëser Fuerderung awer nokommen, geroden si un de Christian Lindner (FDP) dee verséchert huet, datt sollt Berlin un de Wënsch vun de gréngen „Uschloss fannen“ si am Bundesrat d‘Beschlëss net méi matdroe géifen.

Dat gefält dem Wirtschaftsminister Peter Altmaier esou guer net a warnt béid Parteien. D‘Gesetzer aus politeschem Kalkül ze blockéiere géif um Enn nëmme bedeiten, datt et statt méi, dann e bëssi manner Klimaschutz gëtt. Wa si bereet sinn dat ze veräntwerten, sollten si dat oppen ausschwätzen. Falls net, sinn se häerzlech agelueden sech engem nationale Klimakonsens unzeschléissen.

mat indymedia/ber

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Related topics Anton Hofreiter, Bundesregierung, Christian Lindner, Klimaschutzpak, Olaf Scholz, Svenja Schulze
Next post Previous post