Search

You may also like

Eng nei Maréchale um groussherzoglechen Haff
International Money Neiegkeeten

Eng nei Maréchale um groussherzoglechen Haff

De groussherzoglechen Haff deelt mat Freed mat, datt d’Madamm Yuriko

Wéini gi Klierf a Kiischpelt un d‘Vennbahn ugeschloss?
International Money Neiegkeeten

Wéini gi Klierf a Kiischpelt un d‘Vennbahn ugeschloss?

De leschten Dënschdeg war den Transportminister François Bausch op Besuch

Gemengerot Esch-Uelzecht: Kritesch konstruktiv, den zweeten Akt
International Money Neiegkeeten

Gemengerot Esch-Uelzecht: Kritesch konstruktiv, den zweeten Akt

An eisem éischten Deel zum Escher Gemengerot vum 6. Juli,

money

US-Regierung an 48 Bundesstaaten géint Facebook

US-Regierung an 48 Bundesstaaten géint Facebook

Dem Mark Zuckerberg säin Internetkonzern géif onfaire Wettbewerb bedreiwen an hätt sech eng illegal Monopolstellung erschlach. Zu de Virwërf gehéieren och d‘Iwwernam vun anere Servicer, wéi beispillsweis Instagram (2012) oder WhatsApp (2014). Facebook versteet d‘Virwërf net…

Et ass der US-Regierung awer scheinbar batter Eescht: d‘Bundeshandelskommissioun FTC an d‘New Yorker Staatsanwältin Letitia James – zesumme mat 47 anere Procureuren – hunn an der Nuecht hir Kloe géint den Internetkonzern agereecht. D‘FTC beschëllegt Facebook, duerch den Opkaf vun Instagram a WhatsApp eng „systematesch Strategie“ verfollegt ze hunn.

Natierlech beabsichtege weder d‘Bundeshandelskommissioun nach d‘Procureure vun den 48 US-Bundesstaaten dem Mark Zuckerberg säin Imperium auszeläschen, dësen ze zerschloen, wier hinne schonn der Freed genuch. An esou enthält déi agereechte Kloschrëft d‘Propose, Facebook zum Verkaf vu gewësse Geschäftsberäicher ze verkafen. Dat awer léisst sech net esou liicht ëmsetzen.

Esou ass iwwert déi lescht Joren, déi ganz Plattform-Infrastruktur – an dat betrëfft folgerichteg och Instagram a WhatsApp – zesummegewuess, wat en Opsplécken technesch immens opwenneg géif maachen. Do kann een net einfach emol esou „ee Schalter“ ëmleeën. Verléiert Facebook dës juristesch Schluecht, dierften eng ganz Rëtsch un zolitte Problemer ob de Konzern duerkommen.

D‘Geschäft ass knallhaart

Natierlech wiert sech de Konzern mat senger ganzer Wirtschaftsmuecht géint dësen Ugrëff. Geld huet Facebook am Iwwerfloss. E Geld dat de Mark Zuckerberg zesumme mat senger Ekipp jo och ganz däitlech a geziilt agesat huet, kleng „Rivalen“ aus dem Geschäft ze drängen. Déi grouss huet een einfach kaf. Datt sollt eigentlech net méiglech sinn, woubäi dat awer d‘Gesetz vum Kapital ass.

Laut der New Yorker Staatsanwältin, géif Facebook d‘Konkurrenz „erstécken“ an d‘Innovatioune bewosst verhënneren. Dat fir de „geschäftlechen“ Deel. Mee et gëtt Facebook och virgeworf, seng User ze hannergoen, hir Privatsphär verletzen an seng Muecht asetze fir all d‘Leit déi sech zur Wier setzen, Monddout ze maachen. Kléngt wéi wann se sech dat alles ganz gutt iwwerluecht hätten.

Facebook

Fir de Mark Zuckerberg ass dat alles grousse Quatsch. Facebook huet Instagram fir 1 Milliard US-Dollar, WhatsApp fir ganzer 22 Milliarden US-Dollar kaf, a weder bei deem engen, nach deem aneren „Deal“ haten d‘Reguléierungsdéngschter iergendee Problem oder soss Bedenke géintiwwer dem Konzern geäussert. Aacht, respektiv sechs Joer méi spéit, géif et elo Problemer a Bedenken.

Si wollte vill méi

Och am „Silicon Valley“ geet et wierklech nëmmen ëm de Goss an déi Muecht, déi dëst Geld mat sech bréngt. Dat ass näischt fir Idealisten an déi sougenannte „sozial Netzwierker“ sinn alles wéi just net sozial. Facebook hat et iwwregens och Snapchat ofgesinn, hei konnten sech d‘Grënner bis ewell nach ëmmer géint eng Iwwernam wieren. Et ass awer e Spill op Zäit an eng Fro vum Goss.

Richteg ass och, datt an den USA de ganzen Online-Maart wann iwwerhaapt, dann éischter „relax“ reguléiert ginn ass. Et huet ugefaangen sech eppes ze doen, wéi sech ofgezeechent huet, datt den Donald Trump wuel keen zweet Mandat géif zougestane kréien. An esou steet och net nëmmen dem Zuckerberg säin Internet-Konzern am Fokus vun de „Wiechter fir Konkurrenzgläichstellung“.

Am Oktober hate Regierung an eelef US-Bundesstaaten schonn eng Klo géint Google agereecht, well dësen eng Monopolstellung ënnert de Sichmaschinnen ageholl sollt hunn. Jo et ass richteg datt Google seng „Positioun“ ganz aggressiv verdeedegt an Hiersteller/Provider regelrecht néidegt, hir Software an d‘Hardware ze implementéieren. Chance datt Facebook a Google verléieren? Kaum.

mat indymedia/sfo/nyc

Illustratioun: © BP Miller / unsplash

Related topics Facebook, FTC, Google, Internet, Monopolstellung, Silicon Valley, Sozial Netzwierker, USA
Next post Previous post