Search

You may also like

USA: De Covid19 am Schluechthaus
International Neiegkeeten

USA: De Covid19 am Schluechthaus

D‘Amerikaner hunn eng eppes speziell Ëmgangsweis mat der Pandemie demonstréiert,

Russescht Geld fir britesch Politik
International Neiegkeeten

Russescht Geld fir britesch Politik

Wéi et heest soll zu London der Regierung eng Bericht

Editorial: Wat mech déi Zäitëmstellung nervt…
International Neiegkeeten

Editorial: Wat mech déi Zäitëmstellung nervt…

Also ech weess jo net wéi dat bei iech esou

Bundestag beschléisst d‘Noutbrems

Am Hierscht si Bundestagswalen, a kee well sech säi Versoen an der Pandemie virhale loossen

Bundestag beschléisst d‘Noutbrems

Ee Mëttwoch gouf zu Berlin, no verluerene 14 Méint, endlech eppes zu de Kompetenzen, eben am Kontext vun der sanitärer Kris beschloss. En Amendement am Infektiounsschutzgesetz, soll der Regierung gréisser Befugnisser zougestoen. Dat dierft bei de Ministerpresidenten an de 16 Länner net wierklech Begeeschterung ausgeléist hunn.

Woubäi och bannent dem Bundestag, d‘Meenunge betreffend den Ëmgang mat der Pandemie, eppes vunenaner ofweechen. Dat erkläert och firwat et dräi Liesunge gebraucht huet, fir den Text mat de Stëmme vun der Majoritéit vun CDU/CSU an SPD (342) duerchzeboxen. AfD, FDP an die Linke waren dergéint (250) an die Grünen (64) wollten sech all Optioun oploossen an hunn sech enthalen.

Mat der Noutbrems soll et méiglech sinn, am ganzen däitsche Räich, also an alle 16 Bundeslänner, vu Regierungssäit aus Moossnamen ze bestëmmen an duerchzesetzen. Dozou gehéiert beispillsweis datt a bestëmmte Landkreesser an/oder Stied a Gemengen, eng Ausgangsspär ka verhaange ginn. Et gëtt, wann se sollt ugewannt ginn, dann eng Spärstonn vun 22 bis 6 Auer, mat vill Fräiraum.

Eigentlech sollt dann och wann d‘Spärstonn a Kraaft ass, kee méi dierfen seng Wunneng an/oder d‘Grondstéck verloossen. Spadséieren oder Lafen – wann een eleng ass – soll bis Mëtternuecht erlaabt bleiwen. Aner Ausname sinn: medezinnesch Urgencen, Familljenugeleeënheeten an wéi et sech gehéiert, Schaffe goen. Am Gesondheetssecteur hätt ee sech éischter ee Lockdown gewënscht.

De „making of“ vun der Handbrems…

Wann ee bedenkt, datt d‘Mesuren eigentlech bei enger Inzidenz vu 50 (pro 100.000 Awunner) sollte gräifen, esou muss ee villen Aflëss Rechnung droen, firwat als Wäert eng Inzidenz vun 100 geholl ginn ass. Woubäi hei déi allergréisste Konscht muss doranner bestanen hunn, de Wuertlaut esou ze verfaassen, dat keen den Aarm esouwäit ausgestreckt kritt, datt hie kéint d‘Noutbrems zéien.

Et ass nämlech esou, datt d‘Noutbrems nëmmen da soll dierfe gezu ginn, wann d‘Zuel vun den Neiinfektioune pro 100.000 Awunner banne siwen Deeg, un dräi sech folgenden Deeg iwwer honnert läit. A well eis däitsch Noperen de Weekend raschten, hir Daten aus Grënn per Fax un d‘Autoritéite schécken… dierft dat mam gewënschten Erfolleg, zumindest „komplizéiert“ ginn.

Ass de4n Niveau 100 erreecht oder Iwwerschratt, dierf nach just eng Persoun ee „Menage“ besichen, mee Mënschekanner bis 14 Joer ginn net matgezielt. Ab Inzidenz „Honnert“ dierf een nëmmen nach an ee Geschäft eran, wann een en negativen Test virleeë kann, zudeem dierf nëmmen nach op Rendez-vous geschafft ginn. Ab Inzidenz 150 ass nach just „Ofhuelen“ zoulässeg.

D‘Schoule bleiwe weiderhin Infektiounsfräi-Zon, well hei muss d‘Inzidenz – mat der selwechter Formel berechent – schonn emol 165 bedroen, woubäi d‘Ofschlossklassen awer dierfen aus dëser Rechnung geholl ginn. Klengt no engem Plang, deen d‘Absicht huet den Androck ze erwächen, et hätt een eppes ënnerholl, dobäi ass unzehuelen, datt d‘Angela Merkel gutt Absichten am Sënn hat.

Den Drock vun der Bundestagswal

Bis dann elo dat, wat de Bundestag ënner Schmäerze beschloss huet och ëmgesat ka ginn, brauch et nach ee puer Etappen. Haut muss den Text emol vum Bundesrat (Lännerkummer) duerchgewonk ginn an och de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier, sollt de Krop drënner gesat hunn. Leeft alles wéi geplangt, kann dës ominéis „Noutbrems“ ab ee Samschdeg a Bereetschaft versat ginn.

D‘Lafdauer vum Projet Noutbrems ass bis den 30. Juni festgeluecht ginn. Den däitsche Legislateur geet dovunner aus – am Géigesaz zu den Experten aus dem Gesondheetssecteur – datt bis dohinner eng ausräichend Unzuel u Mënsche geimpft oder immun ass. Dat géif viraussetzen, datt et genuch Impfstoff huet an dësen och iwwerall ukënnt wou e gebraucht gëtt. An dat ass d‘Achillesseen…

Well déi verbal Ausenanersetzung, déi dem Vott virausgaangen ass, nees ënnert aller Klarinett war, kann een op ee Kommentar dozou verzichten. Zudeem war d‘Demonstratioun vun de Géigner vun de Covid19-Mesure méi animéiert. Eng 8.000 Covidioten hu sech beim Reichstag mat der Police zerklappt a verbriddert. Mee d‘Police hat dës Kéier awer versicht d‘Verstéiss ze protokolléieren…

mat indymedia/ber

Illustratioun: Lutz / pixabay

Related topics Angela Merkel, Berlin, Bundeskanzlerin, Bundestag, Däitschland, Noutbrems
Next post Previous post