Search

You may also like

Mam Vëlo duerch den Naturpark: Naturpark³ Cycling
International Neiegkeeten

Mam Vëlo duerch den Naturpark: Naturpark³ Cycling

Dëse Samschdeg, de 15. Juni 2019, luet Sport 4 All

Infrastrukturaarbechten an der Märeler Strooss (4.-6.07.2020)
International Neiegkeeten

Infrastrukturaarbechten an der Märeler Strooss (4.-6.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt et am Kader vun Infrastrukturaarbechten duerch

Covid19-Telefonitis
International Neiegkeeten

Covid19-Telefonitis

Wéinst der Onrou, déi d‘Covid19-Mutatioune bei den Experten an verantwortleche

Op der Sich no der leschter Kugel

Bei der Bundeswehr sinn se op der sich no dausende Schoss Munitioun an eppes Sprengstoff

Op der Sich no der leschter Kugel

Nodeems bekannt ginn ass, datt bei der Elitten-Eenheet KSK (Kommando Spezialkräfte) 48.000 Schoss a mindestens 62 Kg Sprengstoff sech a Loft opgeléist hunn, sichen se bei der Bundeswehr och no gutt 60.000 Kugelen an engen 100 Schosswaffen. Dat werft Froen op…

Wou sinn d‘Saachen hin? Wéi konnt esou eppes geschéien? Wéi eng Gefore verbiergen sech derhannert? An dat sinn nëmmen déi grondsätzlech Froen op déi d‘Bundeswehr elo Äntwerte fanne muss. Fir de Spriecher vum Verdeedegungsministère David Hembold geet et esouwuel drëms ze klären, wat d‘Grënn sinn: „Sinn d‘Bestänn an den Asazgebidder bliwwen oder gouf geklaut?“.

Ob dat allerdéngs ofschléissend kann opgekläert ginn, dierf bezweiwelt ginn. Zudeem ass et net déi eenzeg Enquête déi d‘Politik den Ament beschäftegt an deels och beonrouegt. Zanter kuerzem gëtt bei der Bundeswehr am grousse Ganzen, an beim KSK a besonneschen, gepréift a wéi engem Mooss et rietsextrem Netzwierker gëtt. Esou Reseaue brauche jo allerhand dees Geschir.

Datt d‘Police am Mee am Kontext vun enger Perquisitioun bei engem KSK-Zaldot ee gutt zortéiert Waffelager, masseg Sprengstoff a niewebäi SS-Devotionalie fonnt huet, léisst vermudden, datt déi verschwonne Munitioun an d‘Waffen de Wee zu esou radikalen Netzwierker fonnt huet. An dat bereet dem Bundeswehr-Generalinspekter Eberhard Zorn dann elo och zolidd Kappzerbrieches.

Hien hat virun zwou Wochen, nodeems de „Verloscht“ bekannt war gemengt: „Wann ee béides zesummeféiert, dann huet een eppes dat duerchaus geféierlech ass, respektiv am Kontext vun Attentater kann agesat ginn. Mee nach ass net gekläert ob et sech bei dëse Virfäll ëm eng Strofdot handelt, firwat zur Stonn nach Intern ermëttelt gëtt. De Procureur ass nach net ageschalt ginn.

Esou ass dat an den Arméien… Si këmmeren sech am léifste selwer ëm hir Problemer, woubäi an dësem Fall, a bezunn ob eng méiglech Verknäppung mat de bestoenden Netzwierker bannent der Bundeswehr/KSK eng extern Enquête sech eigentlech imposéiert. Ee Kueb pickt deem anere keen A aus, mee och am Etat-Major huet een bei esou Fäll éischter d‘Tendenz de Ball flaach ze halen.

Ausschléissen, datt ënnert den Zaldoten déi ermëttelen och Membere vun esou Netzwierker sinn, kann och de Generalinspekter Eberhard Zorn net, hien hält awer eng „zivil“ Enquête zum jëtzegen Zäitpunkt fir verfréit. Dobäi beweist den Ëmfang vum „Verloscht“, datt et sech an dëser Saach net ëm „Eenzelaktiounen“ handele kann. A wann déi „Verdächteg“ selwer enquêtéiere gëtt dat näischt.

Wann d‘Bundeswehr Opklärung versprécht, also méiglecherweis iergendwann zum Schluss kënnt, datt d‘Munitioun längst verschoss ginn ass, an einfach net richteg comptabiliséiert gouf, bleift de Verdacht, a schaaft Raum fir Spekulatiounen. Et mécht jo awer en Ënnerscheed, ob hei schlampeg geschafft gouf, oder Waffen a Munitioun béi gewësse Leit am Keller op hiren „Asaz“ waarden.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Will Porada / unsplash

Related topics Bundeswehr, David Hembold, Eberhard Zorn, KSK, Munitioun, Sprengstoff, Verdeedegungsministère, Waffen
Next post Previous post