Search

You may also like

Den nationalen Dag vum Bam
Business Neiegkeeten

Den nationalen Dag vum Bam

Haut ass de 27. nationalen Dag vum Bam, an uechtert

Ägypten: Ëm de Covid19 këmmert sech Allah
Business Neiegkeeten

Ägypten: Ëm de Covid19 këmmert sech Allah

Net nëmme fundamentalistesch Chrëschten oder al Hebräer verloossen sech op

GIMB: Gesond iessen, méi bewegen
Business Neiegkeeten

GIMB: Gesond iessen, méi bewegen

Et ass dann elo scho fir déi zéngte Kéier wou

Kee Wunnraum, mee vill Büroen a soss Geschäftsraimlechkeeten

De weltwäit gréissten Acteur an der Locatioun vu Wirtschaft-Immobilie JLL schéngt besuergt ëm de Profit: Aktuell huet et zu Lëtzebuerg 174.519 Quadratmeter ongenotzt Geschäftsflächen

Kee Wunnraum, mee vill Büroen a soss Geschäftsraimlechkeeten

Nach, esou JLL gëschter bei der Pressekonferenz, géif een an der Locatioun net wierklech d‘Folge vun der sanitärer Kris spieren. Ob an a wéi enger Hisiicht, sech den Télétravail zukünfteg op de Secteur wäert auswierken, kéint een den Ament net ofschätzen. Op gëschter huet de Leerstand bei de Geschäftsflächen 4,1% geleeën, a besonnesch d‘Haaptstad géif eng negativ Tendenz opweisen.

Zur gläicher Zäit 2020, huet dësen Taux nach 3,2% bedroen. A konkreten Zuelen, sinn dat 174.519 Quadratmeter. Bei den „Disponibilitéiten“ stellt et sech folgendermoossen duer: an der Peripherie vun der Stad, bedréit déi 38% (Beispill „West Side Village“ zu Capellen: hei eleng huet JLL 21.000 Quadratmeter ze verginn) am Beräich vum Fluchhafe sinn et ëmmerhin nach gutt 10% Leerstand.

Um Stadgebitt selwer, ass de Kierchbierg mat 4,8% „Leader“, op der Cloche d‘Or huet 3,9 an op der Gar nach 2,3% onverlounte Geschäftsflächen. Hei kéint een elo unhuelen, datt wann d‘Offer wäitaus méi grouss wéi d‘Demande ass, datt d‘Präisser entspriechend an d‘Gette ginn. Deem ass leider net esou, och wann et natierlech a gewësser Mooss huet missen Upassunge vu JLL ginn.

Net fir näischt déi bescht op der Welt

Wann een, wéi datt vu JLL duergestallt gëtt, de globale Leader vun dësem Maartsegment ass, huet een erwisenermoossen och ëmmer eppes Iwwercapacitéiten. Dat dierf ee wuel net ausaarte loossen, firwat sech entspriechend muss un d‘Situatioun ugepasst ginn. A generell ass et net esou, wéi wann elo keng Geschäftsraim méi géife benéidegt ginn. 2020 war an dëser Hisiicht och net verkéiert…

Esou konnt JLL trotz den ongënschtege Verhältnisser duerch de Confinement am Fréijoer, wéi och dem Appell vun der Regierung, do op den Télétravail zréckzegräife wou et méiglech ass, an där sech ofzeechnender Wirtschaftskris, awer de Kapp iwwer Waasser behalen. Laut JLL goufen esou 2020 nach 327.000 Quadratmeter Bürosfläche verlount ginn. Woubäi een hei relativiséiere muss.

JLL huet preziséiert, datt vun dësen 327.000 Quadratmeter, nëmme 50% och „besat“ goufen. Déi aner Halschent bezitt sech op Raimlechkeeten am „Virverkaf“ oder der „Pre-Locatioun“. An ouni dës Virverträg, hätt de Marché vun de Wirtschaft-Immobilie eng zolidd bei d‘Läffele kritt. Woubäi se bei JLL iwwert déi richteg „Kontakter“ a „Bezéiunge“ verfügen, firwat ee labber bleiwe kann.

Gutt ass et Locataire mat Geld ze hunn

Wann ee Weltleader ass, dann huet een och seng Lobbyisten an déi entspriechend Kontakter. Esou bezitt d‘Haaptgeschäft vu JLL op d‘Locatioun vu Raimlechkeeten, fir déi ëffentlech Verwaltungen: 91.383 Quadratmeter huet déi Europäesch Investitiounsbank (BEI), d‘Krankekeess CNS setzt och net an eegene Mauer an de Finanzministère muss och loune goen. Dat dierf elo kee verwonneren…

Als weider Cliente goufe grouss (a kleng) Nimm aus der Finanzwelt genannt. Bei esou engem flotte Portefeuille versteet sech, datt JLL net wierklech meckere kann. Woubäi se bei JLL och de Maart vum Logement ënnert d‘Lupp geholl hunn. Bei den Appartementer ass et weiderhinn d‘Locatioun déi dominéiert. Dat, wie wonnert et, natierlech ganz besonnesch an der Haaptstad, mat 59%.

D‘Appartementer ginn dann och, wat ee sech méi vun der Stad ewech mécht, progressiv méi grouss wouzou et Zuelen huet: an der Stad Lëtzebuerg läit Gréisst vun engem Appartement bei 49m², an der Peripherie klëmmt dat op 59m² an un der franséischer Grenz oder dem „Norden“ sinn et dann awer scho 70m². Datt d‘Loyeren awer sollten ze exzessiv sinn, gouf däitlech zeréckgewisen.

Fir den Zäitraum 2019/2020, huet an der Locatioun de Quadratmeter an der Haaptstad am Schnëtt 34,5 Euro ausgemaach. Den nationalen Duerchschnëttspräis pro Quadratmeter huet bei 29 Euro geleeën. (haut kann een do jee no Uertschaft, tëscht 7 an 11 Prozent drop schloen – NvdR) Bei JLL geet et dann och net dovunner aus, datt sech trotz Kris eng Tendenz zur Baisse ofzeechne kann.

Illustratioun: © Asael Pina / unsplash

Related topics Bürosflächen, Geschäftsflächen, Immobiliëmaart, JLL, Locatioun
Next post Previous post