Search

You may also like

Beim gratis ëffentlechen Transport geet et net nëmmen ëm Attraktivitéit
International Neiegkeeten

Beim gratis ëffentlechen Transport geet et net nëmmen ëm Attraktivitéit

Et ass dann awer nees bemierkenswäert, wéi eng Iddien aus

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn
International Neiegkeeten

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn

Trotz internationale Protester huet d‘Regierung vum Sultanat Brunei seng Legislatioun

Hurrikan Dorian iwwerfält d‘Bahamas
International Neiegkeeten

Hurrikan Dorian iwwerfält d‘Bahamas

Wéi vun den Autoritéiten ugemellt ass den Hurrikan Dorian e

Buschbränn an Australien: Zuel vun den Affer klëmmt weider

Buschbränn an Australien: Zuel vun den Affer klëmmt weider

Bei Temperature vu bis zu 50°C sinn d’Buschbränn zu engem reegelrechten Inferno ausgewuess. Et sinn nees honnerten Haiser vun de Flamen „opgefriess“ginn. Et sinn och nees Mënschen zu Schued komm an de Bilan weist aktuell 24 Affer op.

Déi extrem Hëtzt am Verbond mat staarke Wandstéiss huet d‘Feier an d‘Wunnberäicher gedréckt an d‘Leit hunn versicht ze rette wat ze rette war. Südwestlech vu Canberra ass e Mann vu 47 Joer, dee säi Grondstéck virun de Flame schütze wollt, engem Häerzinfarkt erleeën. De regionale Pompjeeë-Kommandant Shane Fitzsimmos huet bestätegt, dat nees honnerten Haiser verbrannt sinn. „Et war ee schrecklechen Dag“, esou de Kommandant.

BuschbrännFir den haitege Sonndeg si méi „gënschteg“ Wiederkonditiounen ugekënnegt ginn, nodeems et gëschter Plazeweis zu Temperature vu bal 50°C komm war. A während am australeschen New South Wales eng 170 Feier gëtt an och haut de Mueren nach vill leit kee Stroum haten, ginn am Bundesstaat Victoria eng 50 Feier gezielt. Hei ginn nach ëmmer sechs Persoune vermësst, firwat weider Affer ze befierchte sinn.

Buschbränn

Ee vun de Feier ausgebrannten Auto (Bundesstaat New South Wales). Aluminium verflëssegt sech bei 660°C, a wéi een hei androcksvoll ka gesinn, „Flësseg“ trëfft et op de Punkt. © Historium (via Twitter)

Datt et matten an der summerlecher Hëtztwell eppes méi „kill“ gëtt an esouguer Ree gemellt ass, kann een – wann dat iwwerhaapt an esou enger Situatioun méiglech ass – als eng kleng Hëllef betruechten, woubäi d‘Buschbränn esou gewalteg sinn… E Pompjeeë huet vu „Maueren aus Flame geschwat“. An op där anerer Säit vun der Welt, huet sech d‘Queen Elisabeth II zu enger seelener Wuertmeldung duerchgerongen.

Buschbränn„Ech sinn déif betraff iwwer d‘Berichter vun den unhalende Buschbränn an hiren zerstéieresche Folge a villen Deeler vun Australien“, esou de Communiqué vum briteschen Haff. Si huet allen ee grousse Merci ausgeschwat, déi hiert Liewen op d‘Spill setze fir sech de Flamen entgéint ze stellen. D‘Feier brennen elo zanter Oktober an en Enn ass net a Siicht. Iwwer 5 Milliounen Hektar Land an honnerte Milliounen Déiere sinn deziméiert ginn.

mat indymedia/mel/syd

Foto: Am Bundesstaat New South Wales huet d‘Regierung den Noutstand fir 7 Deeg ausgeruff. Dat soll et méi einfach maachen d‘Leit ze evakuéieren. Mëttlerweil gëtt nieft der Marine och d‘Arméi an de Brandgebidder agesat. © NSW Rural Fire Svc

Related topics Australien, Buschbränn, Feiersaison, New South Wales, Victoria
Next post Previous post