Search

You may also like

Etüd zum Lockdown: Déi mental Gesondheet huet virun allem bei Jonke gelidden
International Neiegkeeten

Etüd zum Lockdown: Déi mental Gesondheet huet virun allem bei Jonke gelidden

Zesumme mat TNS Ilres huet de STATEC eng national Etüd

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn
International Neiegkeeten

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn

No laangen a schwéiere Verhandlungen hunn dat Europäescht Parlament an

Nei am Verlag Guy Binsfeld: D’Schmetten an d’Schmooen
International Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: D’Schmetten an d’Schmooen

Dat neit Kannerbuch D’Schmetten an d’Schmooen erzielt vun enger verbuedener

Buschbränn: Australien uerdent Evakuatioun vun den Touristen un

Buschbränn: Australien uerdent Evakuatioun vun den Touristen un

Haut hunn d‘Autoritéite vum Bundesstaat New South Wales e Gebitt festgeluecht aus deem jidderee verschwanne muss deen do kee feste Wunnsëtz huet. D‘Buschbränn huelen net of a fir de Weekend gëtt nees mat extreemst héijen Temperature a staarkem Wand gerechent.

D‘Situatioun op der australescher Ostküst ass onverännert bedreelech. Iwwer Neijoerschdag waren dausenden Touriste vum Feier agekesselt ginn, wie konnt huet sech op enger Plage a Sécherheet bruecht. Elo sollen d‘Touristen an d‘Awunner mat der Hëllef vun der Arméi evakuéiert ginn. Déi hat an de leschten Deeg, d‘Leit aus der Loft mat Waasser a Liewensmëttel versuergt.

BuschbrännLaut dem australeschen Etat-Major sinn elo fënnef Helikopter an zwee Schëffer op d‘Plaz verluecht ginn. Hir Missioun: d‘Pompjeeën ënnerstëtzen a bei der Evakuatioun eng Hand upaken. Fir de Verkéiersminister vum Bundesstaat New South Wales, Andrew Constance, gëtt et elo keng aner Méiglechkeet wéi senger Wee ze goen. D‘Küstestied misst een opginn, et besteet Liewensgefor.

Mëttlerweil si fënnef Milliounen Hektar verbrannt…

An de Verkéiersminister huet eng däitlech Warnung un d‘Leit geriicht, well „de kommende Samschdeg kéint nach schlëmmer ginn, wéi all dat wat mir bis ewell duerchgemaach hunn“. Eleng am Bundesstaat New South Wales erstreckt sech d‘Brandgebitt vu Batemans Bay bis un d‘Grenz vum Bundesstaat Victoria (ronn 240 Kilometer). E Fortkommen ass awer net esou einfach.

BuschbrännVun den Evakuatiounszonen aus hu sech laang Autoskolonnen a Richtung Norden a Weste gebilt. Vill Leit konnten sech allerdéngs net méi op de Wee maachen, well d‘Tankstellen entweder guer kee Sprit méi haten, oder wéinst Stroumausfall net „funktiounsfäeg“ waren. Villeruerts huet et och Problemer an der Versuergung mat Waasser an/oder Liewensmëttel ginn.

E bedauerleche Bilan zeechent sech of

Un haidegen Donneschdeg huet schonn ee Schëff vun der australescher Marine zu Mallacoota festgemaach. U Bord si Waasser a Liewensmëttel fir déi zanter e Méindeg ronn 4.000 vum Feier ëmzéngelt Mënschen, mam Noutwendegsten ze versuergen. Am leschte Communiqué heescht et weider, datt dëst Schëff eng 1.000 Mënsche soll a Sécherheet bréngen.

BuschbrännD‘Buschbränn, déi an der sougenannter „Feiersaison“ ganz normal sinn, hunn dës Kéier scho ganz fréi ugefaangen. Zanter Oktober breet et sech kontinuéierlech aus. Am Bundesstaat New South Wales si bis ewell eng 1.000 Haiser verbrannt. Zudeem si laut dem leschte Stand, an der tëscht scho 14 Mënschen an de Feier ëmkomm. Vun enger „Verbesserung“ ass den Ament net auszegoen.

mat indymedia/mel

Foto: Eng Opnam vum Meteosatellitt © Copernicus EMS

Related topics Australien, Buschbränn, Feiersaison, New South Wales, Victoria
Next post Previous post