Search

You may also like

Landminne-Rapport: Eigentlech verbueden an awer klammen d‘Afferzuelen
Neiegkeeten

Landminne-Rapport: Eigentlech verbueden an awer klammen d‘Afferzuelen

De Verbuet fir Landminnen ass ëmfaassend: si dierfe weder hiergestallt,

Nei Covid19-Mesuren och an der Belsch
Neiegkeeten

Nei Covid19-Mesuren och an der Belsch

No der Sëtzung vum nationale Sécherheetsrot, huet d‘Premierministesch Sophie Wilmès

Elo wëll och Australien seng Ambassade op Jerusalem verleeën
Neiegkeeten

Elo wëll och Australien seng Ambassade op Jerusalem verleeën

Et ass de Premierminister Scott Morrison, deen um Dënschdeg annoncéiert

Business Partnership Facility: Déi 6. Editioun ass op

Business Partnership Facility: Déi 6. Editioun ass op

De Wirtschafts- a Kooperatiounsminister Franz Fayot an de Carlo Thelen, CEO a Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, hunn e Méindeg, den 1. Mäerz 2021 déi 6. Editioun vun der Business Partnership Facility lancéiert. D’Evenement, dat online stattfonnt huet, gouf vu bal 100 Persounen besicht, dovunner waren e groussen Deel Entrepreneur.

Zil vun der BPF ass d’Kofinanzéierung ze vereinfachen. Dëst soll de Lëtzebuerger an europäesche Privatsecteur encouragéieren sech mat Partner aus Entwécklungslänner zesummenzedoen, wouduerch nohalteg a kommerziell Projeten realiséiert kéinte ginn.

Et ass esou, datt d’Kofinanzéierung a Form vun engem Subside erfollegt. E ka bis zu 50% vun engem Projet erreechen, däerf allerdéngs net de Montant vun 200.000 Euro iwwerschreiden.

Dës Hëllef dréit zur Entwécklung a Schafung vun Aarbechtsplazen, sou wéi zum Transfert vun Technologie a Fachwësse bäi. Op där anerer Säit hunn Entreprisen d’Méiglechkeet ouni staatlech Interventiounen nei Marchéen auszeprobéieren, déi heiansdo riskant kënne sinn.

Erauskënnt op béide Säiten virdeelhaft Partnerschaften, déi mat lokalen Acteuren opgebaut ginn.

Duerch déi aktuell Gesondheetssituatioun gouf dëst Joer de Kampf géint d’Covid-19 Pandemie an d’Lëscht vun de Secteuren, déi gefërdert solle ginn, opgeholl.

Den Thomas Lamar vun der Direktioun vun der Kooperatioun an humanitärer Aktioun huet Bewäertungskritären, Business Partnership Facility an d’Bedéngunge virgestallt.

Lëtzebuerg erliichtert d’Erfuerschung fir d’Schafung vun Aarbechtsplazen, d’Entwécklung vum Privatsecteur a schliisslech d’Aarmutsreduktioun ze fërderen.

D’Opfuerderung zur Areechung vun de Bewerbunge fir d’Editioun 2020 ass elo op. Dës Editioun krut och fir déi erfollegräich Ëmsetzung gratuléiert, si gouf virun engem Joer lancéiert – den éischten Dag vum Confinement.

„Ënner dësen Ëmstänn vun der internationaler Gesondheetskris ass d’Kontinuitéit vun der BPF ee staarkt Signal vu Resilienz“, sot de Generaldirekter aus der Chambre de Commerce.

De leschten Aktiounsplang gouf agehalen, déi fënnef ausgewielten Entreprisen hunn hire Subside wéi geplangt am November 2020 erhalen.

Weider Informatioune fannt Dir op www.bpf.lu.

Opmaacherbild: © Scott Graham / Unsplash

Related topics Aarbechtsplazen, Business Partnership Facility, Carlo Thelen, Chambre de Commerce, Franz Fayot, Kofinanzéierung, Subsiden
Next post Previous post