Search

You may also like

Ass Brasilien d‘Wéi vun neie Covid19-Mutatiounen
Stories

Ass Brasilien d‘Wéi vun neie Covid19-Mutatiounen

Südamerika steet ënner Drock, d‘Covid19-Situatioun ass éischter oniwwersiichtlech, aus Brasilien

Halbzeit vum trumpsche Mandat: eng Perséinlechkeetsanalys
Stories

Halbzeit vum trumpsche Mandat: eng Perséinlechkeetsanalys

E Sonndeg war et op den Dag genee zwee Joer

D‘Britte wëllen net op d‘Touriste verzichten
Stories

D‘Britte wëllen net op d‘Touriste verzichten

Fir den Ament muss (bal) all Mënsch deen a Groussbritannien

De Buttek: do fir déi Äermst am räiche Land

De Buttek: do fir déi Äermst am räiche Land

Eng gemeinsam Initiativ vun der Caritas an dem Roude Kräiz, déi och den äermsten erméiglecht en normal Liewen ze féieren.  Hei am Land ginn et insgesamt zwielef sozial Epicerien – véier dovunner gehéieren der Caritas. D’Butteker vun der Caritas fënnt een zu Dikrech, zu Réiden un der Attert, zu Esch/Uelzecht an an der Stad. Déi eenzel Butteker gi vu fest agestalltem Personal, awer och vu Benevolle, geréiert.

Wéi ass des Iddi entstanen?

D’Iddi fir sou en Projet ze grënnen ass doduerch entstanenen, datt, obwuel Lëtzebuerg e räicht Land ass, d’Aarmut ëmmer méi grouss ginn ass. Et wollt een de Leit ënnert d’Ärem gräifen an se ënnerstëtzen, esou Madame Sylvie Debernade, Responsabel vun de Caritas Butteker. Fir datt si wéinstens Méiglechkeet hunn sech Basis vun de Liewensmëttelen ze kafen. Dat zu engem niddrege Präis, well et bezilt een héchstens een Drëttel vum normale Präis vun de Supermarchéen.

Buttek

De Caritas Buttek an der Stad existéiert säit dem Juni 2016 a gëtt genausou wéi den Buttek zu Réiden vun der Gemeng ënnerstëtzt. Woubäi sech d’Butteker vun Esch a vun Dikrech selwer duerch Don’en finanzéieren.

D’Liewensmëttel kritt Caritas virun allem vu grousse Supermarchéen, wéi de Cactus oder den Delaize. Ee mol an der Woch ginn Basisliewensmëttel wei Hygiènesartikelen oder Nuddele geliwwert. Frësch Liewensmëttel wéi Uebst a Geméis oder Fleesch ginn et all Dag op Commande. Sou huet een awer en grousse Choix vu Liewensmëttel déi ee ka kafe fir en klenge Präis.

Wee kritt iwwerhaapt d’Méiglechkeet, fir am Buttek anzekafen?

De Caritas Buttek ass net fir jiddereen zougänglech sou bestëmmt eng Assistante sociale op déi betraffent Familljen d’Hëllef an Usproch huele kënnen an dierfen oder net. Sou kritt een seng eege Kaart, fir kënnen am Buttek anzekafen. Et kann ee pro Kéier fir em déi 25 Euro op de Kapp akafen. D’Leit déi an de Buttek akafe kommen hunn meeschtens tëscht 20 a 55 Joer. Am generelle sinn et méi elengerzéiend Frae wéi Männer déi vun dëser Offer profitéieren.

Wann een Nationalitéite vun de leit déi an de Buttek akafe komme kuckt, sinn déi ganz verschidden. An der Stad an zu Dikrech sinn et haaptsächlech Lëtzebuerger a Portugisen déi vun der Offer profitéieren. Wann een dann op Esch/Uelzecht kuckt sinn et virun allem Portugisen a Leit aus de Balkanlänner an zu Réiden ass et vill méi en mix vun Nationalitéiten. Insgesamt zielen déi verschidde Butteker 3.926 Begënschteger dorënner 756 Haushälter.

Nieft de Caritas Butteker huet Caritas och nach hier „Kleederstuff“ wou jiddereen sech Secondhandkleeder ka kafen.

De Buttek fannt der natierlech och um Internet

Fotoen: Nancy Klauner

Related topics Dikrech, Esch/Uelzecht, Lëtzebuerg
Next post Previous post