Search

You may also like

Editorial: Kampf ëm Plaz dräi bei der Bundestagswahl
International Neiegkeeten

Editorial: Kampf ëm Plaz dräi bei der Bundestagswahl

D’Kräizer fir d’Bundestagswahl maachen eis däitsch Noperen eréischt muer. Et

Keng seriéis politesch Äntwert op d‘Reprise
International Neiegkeeten

Keng seriéis politesch Äntwert op d‘Reprise

Wéi oft d‘OGBL-Presidentin Nora Back de politesch Verantwortlechen un d‘Häerz

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn
International Neiegkeeten

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn

En Dënschdeg hunn de Educatiounsminister Claude Meisch (DP), an de

De Cabo Verde kritt 56.000 Impfstoffdosissen

De Cabo Verde kritt 56.000 Impfstoffdosissen

Fir géint onse gemeinsame Géigner virzegoen – de Coronavirus, huet d’Lëtzebuerger Regierung d’Entscheedung geholl 350.000 Impfdosissen u Länner ze spenden, déi humanitär Ënnerstëtzung benéidegen. An dësem Kader schéckt d’Direktioun fir Entwécklungsaarbechten an humanitär Moossname 56.000 Impfdosisse vun AstraZeneca un de Gesondheetsministère vu Cabo Verde.

Déi benéidegt medezinesch Ausrëschtung ass natierlech mat abegraff. D’Notzung vun dësen Impfstoffer wäert dozou bäidroen, datt déi global Gesondheetssituatioun stabiliséiert gëtt. Verdeelt ginn dës 56.000 Dosisse vum Europäesche Katastropheschutz. Am Cabo Verde ass d’Infektiounsgefor vun Insel zu Insel ënnerschiddlech. Mat ongeféier 550.000 Awunner ass d’Bevëlkerung (an hier Regierung) sécherlech frou, iwwert all Hëllef déi si kréie wäerten.

Dës weideren huet d’Luxembourg Cooperation sechs Frigoe vum Hiersteller B Medical Systems an de Sudan geschéckt. Esou kënnen d’Impfstoffer uerdentlech gelagert ginn. Och hei ass all Hëllef wëllkomm. Do freet een sech dach tatsächlech, firwat an enger Pandemie zesummegeschafft gëtt, mee sech bekriche kann d’Welt net loossen. A béides bréngt Mënschen ëm. Reegt dat net zum Nodenken un?

Fotoen: © Luxembourg in Cabo Verde

Related topics Cabo Verde, Covax, Covid19, humanitär Hëllef, Impfstoffer
Next post Previous post