Search

You may also like

money
Handelskummer: Mam Luc Frieden an d‘Zukunft?
Neiegkeeten

Handelskummer: Mam Luc Frieden an d‘Zukunft?

En Dënschdeg huet d‘Handelskummer, déi zum Acteur vun der wirtschaftlecher

Weltdag vun der humanitärer Hëllef
Neiegkeeten

Weltdag vun der humanitärer Hëllef

De Weltdag vun der humanitärer Hëllef ass, fir den Ausseministère

De Schraasseger Prisong ënner neier Direktioun
Neiegkeeten

De Schraasseger Prisong ënner neier Direktioun

De Regierungsrot huet d‘Nominatioun vum Joke Van der Stricht, déi

Cactus-Direktioun léisst seng Leit net méi Sonndes schaffen

Cactus-Direktioun léisst seng Leit net méi Sonndes schaffen

Wann d‘Cactus-Direktioun sech a Punkto Kollektivvertrag ganz schlecht beholl huet, esou schéngt si – vläicht aus eegener Erfarung – matkritt ze hunn, datt een net alles vu senge Mataarbechter ofverlaange kann. Aus dësem gudde Grond, ass d‘Decisioun geholl ginn, datt de Cactus elo Sonndes zou ass. Eng Mesure déi fir dat ganzt Land gëllt a bis op Weideres bäibehale soll ginn.

An hirem Communiqué geet d‘Cactus-Direktioun op de Fait an, datt all d‘Mataarbechter, wéi eigentlech an der ganzer Branche, sech der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, daper a motivéiert entgéintgestallt hunn. All dës Mataarbechter, vun der Keess bis hin zu de Rayonen, alleguerten hu se sech onermiddlech fir de gudden Oflaf agesat.

Esouvill Engagement muss een honoréieren, firwat et sënnvoll ass, och dëse Mënschen eng Paus zouzegestoen. Et misst een de Salariéeën, déi jo och berechtegt Ängschten hunn, och eppes Rou gewähren, firwat et zu dëser Decisioun komm ass. Et gëtt dann, och, wann ee sech dann un déi vun der Regierung erloosse Recommandatiounen hält, kee wierklech gudde Grond Sonndes opzehunn.

Mir hätten nawell gäre vun der Cactus-Direktioun gewosst, op zousätzlech zu dëser Mesure och eppes virgesinn ass, fir d‘Personal besser ze schützen, an ob doriwwer nogeduecht gëtt, et den Éisträicher nozemaachen, an d‘Clienten zum droe vun enger Gesiichtsmask ze verflichten, wann si an hiren Enseignen akafen, oder ob et eventuell Maske fir d‘Personal gëtt. Dat gouf net beäntwert.

Illustratioun: © Viktor Paris / unsplash

Related topics Cactus, Coronavirus, Covid19, Gesiichtsmasken, Mataarbechter, Respekt, Schutz
Next post Previous post