Search

You may also like

Déi kulturell Mëttespaus
Neiegkeeten

Déi kulturell Mëttespaus

D’Mëttegpaus mat engem Concert genéissen? Ma dat ass kee Problem

Eltereschoul Dobaussen!
Neiegkeeten

Eltereschoul Dobaussen!

D‘Erzéiung vun de Kanner ass eng echt Erausfuerderung! Am grousse

Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
Neiegkeeten

Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer

An den Hale vun der LuxExpo um Kierchbierg war iwwert

Si hunn d‘Informatik voll am Grëff

Internet-Terroristen iwwerfalen déi gréissten Epicerie am Land an riichten zolidd Schued un

Si hunn d‘Informatik voll am Grëff

An engem kuerze Communiqué vun der Cactus-Direktioun um Samschdegmueren heescht et datt, déi dräi Standuerter: Wandhaff, Märel a Bouneweg, weiderhin zoubleiwe mussen, well et Problemer mat der Informatik gëtt. Schold wier ee „Piratage“ esou de Communiqué. Hir Informatik-Ingenieure géifen hir ganz Kräfte mobiliséiere fir de „Feeler“ ze fannen.

Et ass net déi éischte Kéier, datt de Cactus vun Hacker drangsaléiert gëtt. Am Mäerz 2012, war schonn eng Kéier hir Internetsäit eppes „gehackt“ ginn. Wéi eis Kollege vu St. Paul sengerzäit erausfonnt haten, soll ee Brasilianer hannert dem digitalen Terroruschlag gestanen hunn. Vun der Pressestell, esou d‘Wort, wier verséchert ginn, datt een d‘Sécherheetsmoossname verschäerft hätt.

Deemools goufen allerdéngs keng Donnéeë vu Cliente geklaut, oder soss droleg Knaschtereie gedriwwen. Dës Kéier schéngt dat awer de Fall ze sinn, och wann sech säitens der Direktioun dozou bis well nach net geäussert ginn ass. Am Communiqué heescht just, datt d‘Hacker sech net un de Bankkaarte vergraff hätten. Dat kann ee gëlle loossen, well dat huet näischt mam Cactus ze dinn.

Wie mat senger Kreditkaart bezilt kritt säin Akaf schliisslech net am interne Cactus-Reseau ofgerechent, wéi eis vu kompetenter Säit matgedeelt ginn ass. Anescht ass et do mat der Clientskaart, dir wësst schonn, déi mat de „Punkten“ déi engem soll wäissmaachen, et géif ee belount gi fir am Cactus akaf ze hunn. Déi erfëllt ee ganz aneren Zweck, mee dorëms geet et net.

CactusZudeem stellen sech nees eng Rei Froen, déi enger katastrophaler Kommunikatiounsstrategie zouzerechne sinn. Esou eng Attack, bei där – och dat gouf eis confirméiert – den Dateschutz faktesch ausgehiewelt ginn ass, a Leit hir gespuerte Punkte verluer hunn, ass en „Delikt“ an elo freet sech hei: Ass dat net ee Fall fir d‘Justiz? A falls jo, gouf d‘Police ageschalt?

Wann esou eppes net dem Communiqué ze enthuelen ass, muss een dovunner ausgoen, datt dat och net Fall ass. Weider sollt een elo als Client dierfen erwaarden, datt – wann de Problem geléist an d‘Hannergrënn vun de Cactus Informatik-Ingenieuren ermëttelt goufen – d‘Kaarten op den Dësch geluecht ginn, a d‘Cliente gesot kréien, op wat déi digital Terroristen zougegraff hunn.

Mee esou eng Kommunikatioun sollt ee sech léiwer net vum Direktiounscomité ënnert der Leedung vum Max Leesch an dem Direkter Laurent Schonckert erhoffen. Et ass och net ze erwaarden, datt eis systemrelevant Medien, deem ganze wäerten nogoen, d‘Gefor dobäi ee vun de groussen Annonceuren ze veriergeren, ass eemol ze grouss. Also ass gewosst, och hei bleift alles „geheim“.

Laut engem frëndlechen Escher Jurist, dee sech um Samschdeg mat eis ënnerhalen huet, kann d‘Police nëmmen eng Enquête lancéiere wann eng Plainte deponéiert gouf. Ass deem net esou, a géif et méiglecherweis Clienten, déi – well hir Kaart eidel gemaach gouf – eng Plainte maachen, kann de Parquet esou eng Enquête unuerdnen. Dat awer schéngen se beim Cactus net ze wëllen…

mam Laure Schlesser (Recherche)

Illustratioun: Internetsécherheet… esou einfach wéi sech dat d‘Informatik-Ingenieure virgestallt hunn ass et da wuel awer net. © David Rangel / unsplash

Related topics Cactus, Epicerie, Geheim, Hacker, Internetterrorismus
Next post Previous post