Search

You may also like

E Buergermeeschter muss och no senge Leit kucken!
Neiegkeeten

E Buergermeeschter muss och no senge Leit kucken!

Ganzer eelef Filiale mécht d‘Spuerkeess zou. Se géifen sech net

De Coach John Bierchen verléisst d’Beaufort Knights
Neiegkeeten

De Coach John Bierchen verléisst d’Beaufort Knights

No 2 Joer verléisst de Coach John Bierchen d’Äishock-Eyekipp vun

surprise
Editorial: D’Opmaache vum Mariage ass nëmmen eng Etapp vu villen
Neiegkeeten

Editorial: D’Opmaache vum Mariage ass nëmmen eng Etapp vu villen

Mat der Ehe für Alle huet d’LGBT-Community e wichtege Succés

Cactus: Mangel u sozialer Verantwortung féiert zur Schlichtungsprozedur

Cactus: Mangel u sozialer Verantwortung féiert zur Schlichtungsprozedur

Beim Cactus leet ee grousse Wäert drop datt de Client zefridden ass, et wier schliisslech hien deen dem Grupp d‘Täsche voller Geld stoppt. Datt et fir en zefriddene Client awer och en zefriddene Mataarbechter brauch, deen eben dësem Client all Wonsch vun de Lëpsen ofliest, muss een an der Direktioun nach léieren. Mee mat de niddrege Chargen an de Gewerkschaften huet een et net esou.

Eng Behaaptung déi een duerchaus kann drop stëtzen, datt sech de Cactus mat Hänn a Féiss géint d‘Erneierung vum Kollektivvertrag stäipt. Dat zwéngt elo béid Gewerkschaften OGBL (majoritär) an LCGB zum Gang bei de Mediateur, deen dann d‘Schlichtungsprozedur muss aleeden. 2018 hat de Cactus e mega Resultat Opweises a bei de Verhandlungen zum neie Kollektivvertrag am Abrëll ass ersiichtlech ginn, datt dat keng Roll spillt. Loscht ze verhandelen haten se vun Ufank un net.

Zu den zentrale Fuerderunge fir den neie Kollektivvertrag – déi sech natierlech och de Rekordprofit aus 2018 beruffen dee vun den Lounofhängege generéiert ginn ass – ass nieft eppes méi am Portmonni och eng besser Progressioun an der Carrière agefloss. Fir OGBL an LCGB ass domatter erwisen, datt de Cactus senge Salariéeën eng Bedeelegung un der exzellenter wirtschaftlecher Situatioun vun der Entreprise verweigert. Esou gëtt een net mam Aarbechtsklima ëm.

E leschte Versuch d‘Direktioun nach emol zu Verhandlungen ze bewegen ass gescheitert an et gëtt och net wierklech Gespréichsbedarf säitens dem Cactus. U sech schued, wou béid Gewerkschafte jo fir hir Dialogbereetschaft bekannt sinn. A wann et da muss sinn, gesäit ee sech beim Mediateur nach emol, an do wier et gutt wann et zu Fortschrëtter kéim. Et ass schwéier sech virzestellen, datt et beim Cactus zur Aarbechtsnéierleeung komme kann, ausschléisse sollt een dës Optioun awer net.

Related topics Cactus, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL, Schlichtungsprozedur
Next post Previous post