Café-Debat: „LISER Afterworks“

Am Kader vu sengem Programm „LISER Afterworks“, organiséiert de Lëtzebuerger Institut fir sozioekonomesch Fuerschung (LISER) an Zesummenaarbecht mam Musée vun der Aarbecht (MUAR), en Owend bei deem sech mat der Digitaliséierung vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart auserneegesat gëtt.

Dräi Fuerscher vum LISER huelen sech dem Thema un a detailléieren den Impakt deen déi sanitär Situatioun am Kontext vum Covid19 op den Aarbechtsmaart hat, an nach ëmmer huet. Et ass een Aktualitéitssujet, dee méi oder wéineger jidderee betrëfft oder betraff huet. Den Event ass oppe fir all Mënsch, vum Student iwwert de aktive Salarié, de Patron oder de Rentner. Selbstverständlech huet et no der Presentatioun eng Sessioun, wou d‘Gäscht hir Froe stellen dierfen.

Et intervenéieren:

  • Dr Laetitia Hauret;
  • Dr Ludivine Martin;
  • Dr Nicolas Poussing

Si sinn allen dräi Fuerscher am Departement „Aarbechtsmaart“ vum LISER

Den Event fënnt statt den 22. November um 19 Auer an der Schongfabrick zu Téiteng (Gemeng Käl) dat ënnert dem CovidCheck-Regime. Den Entrée ass gratis, mee et muss ee sech umellen, dat geet ganz einfach online iwwert dëse Lien: https://www.liser.lu/?type=module&id=97&tmp=2186

Dernières nouvelles