Dem Boris säi beschte Päerd verléisst de Stall
Fir déi brittesch „Bexiteers“, wou vum neien Empire gedreemt an
Fir déi brittesch „Bexiteers“, wou vum neien Empire gedreemt an
Et war wéi gewinnt eng flott a gemittlech Meeschterschaftsfeier déi
Um Virowend zum „Akt IV“ vun der Mobilisatioun vun de
Zesumme mam SNCT hunn d’Beamte vun der Douane nämlech e Camion aus dem Verkéier gezunn, deen op senger Remorque Holz gelueden hat. Net nëmme war déi maximal zougeloosse Mass a Längt mat 1.480 kg, respektiv 3,5 Meter däitlech iwwerschratt. Och d’Holz war net richteg geséchert.
Domat awer net genuch. Zwee Pneue waren ze wäit ofgenotzt. Och d’Remorque war a kengem gudden Zoustand méi a weder war d’Eurovignette bezuelt, nach hat de Chauffeur déi noutwenneg Autorisatioun fir Holz ze transportéieren.
Ma, no all dëse Mëssstänn si mir nach ëmmer net um Enn vun der Lëscht ukomm. D’Experte vun der SNCT hunn nämlech bemierkt, dass e Rass am Capot, eng Felg net richteg fixéiert an d’Bremsen ofgenotzt, respektiv guer net méi existent waren.
D’Panzrappescht gouf vun engem Protokoll an Héicht vun 1.879 € begleet. Aus Sécherheetsgrënn huet d’Gefier missen op der Plaz stoe bleiwen.
Billergalerie © Douane